Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gratis Schnelltester fir verschidde Betriber

Wéinst dem 2G+ Regimm

Gratis Schnelltester fir verschidde Betriber

Zënter Mëttwoch verdeelen de Staat an d'Chambre de Commerce an der Luxexpo um Kierchbierg Corona-Schnelltester fir eng ganz Partie Patronen: Betriber aus dem Horeca-Secteur, dem Evenementiel an dem Fitness kënnen hir éischt Tester ofhuelen. Si kréie jee no Gréisst bis zu bal 1.500 Schnelltester zur Verfügung gestallt. Dës Mesurë soll evitéieren datt Betriber selwer musse fir d'Käschte vun den Tester opkommen.

auto_stories

2 min

1,5 Milliounen Tester sollen alles an allem bei dëser Aktioun un d'Betriber verdeelt ginn. De Minister vum Mëttelstand, Lex Delles war de Mëttwoch op der Plaz fir mat de Commerçanten ze schwätzen. Verschiddener vun hinnen hunn d'Tester eegenen Aussoen no onbedéngt gebraucht, fir och Clienten kënnen unzehuelen déi nach keng Chance hate sech boosteren ze loossen. Sou zum Beispill de Patron vun engem Restaurant aus der Stad, wou d'Testkapazitéiten elo och un der Limite waren.

"Mir maachen dat wat mer kënne mat dem wat mer hunn, mee et geet awer lo nach souwäit ech weess duer. Ech si lo déi zwou Këschte siche komm well et gëtt lo immens wichteg fir eis z' iwwerliewen iwwerhaapt. Dass mer kënnen nach eng Keess maachen. Dass mer nach kënne Revenuen hunn."

De Problem gesäit hien dobäi emol net bei der feelender Clientèle, ma éischter beim Manktem u Personal.

"Eise gréisste Problem ass, mir kréie keng Leit méi agestallt. Et si keng Leit méi do. Souguer wa mir muer vill Clientèle hunn kënne mir net méi richteg bedéngen, well et ass am Moment immens schwéier Leit anzestellen."

Horesca frou, datt ee séier Tester zur Verfügung gestallt kritt huet

Méi positiv gestëmmt ass dogéint de Patron vun engem Restaurant zu Déifferdeng. Hien konnt sech trotz de Mesuren no de Feierdeeg iwwer vill Cliente freeën.

"Je suis surpris du nombre qu'on a fait ces derniers jours malgré le 2G+. Je pense que c'est rentré dans les moeurs. Ca pose pas de soucis, en tout cas pour les clients qu'on avait ces derniers temps et c'est plutot positif."

Duerch déi nei Mesuren déi kuerzfristeg ëmgesat goufen, wier een iwwerrascht ginn, sou den Horesca Generalsekretär François Koepp. De Secteur konnt sech net virbereeden, well ee vun der Santé net vir gewarnt gi wier. Dowéinst ass d'Horesca frou, datt d'Betriber séier Tester zur Verfügung gestallt kréien.

Nächst Woch kënnen d'Betriber sech dann den zweeten Deel vun den Tester déi se zegutt hunn bei der Luxexpo ofhuelen.