Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greenpeace: "Lëtzebuerg huet nach Spillraum no uewen"

Weltklimarapport

Greenpeace: "Lëtzebuerg huet nach Spillraum no uewen"

Greenpeace fuerdert, datt d'Regierung um nächste Klimasommet am November a Schottland kloer Positioun zu enger CO2-Reduktiounspolitik hëlt. Besonnesch am Finanzsecteur hätt Lëtzebuerg hei vill Spillraum no uewen, seet de Frank Thinnes.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et wier ee scho laang laanscht fënnef virun 12, seet de Frank Thinnes vu Greenpeace. Déi dramatesch Suitte vum Klimawandel géif een un de Wiederextremer gesinn, déi sech och an Europa heefen. Déi rezent Iwwerschwemmungen an déi aktuell Bëschbränn géifen dat weisen.

"Déi richteg Entscheedung huelen"

D'Zäit wier knapp, et hätt e just mol eng zéng Joer fir dat Schlëmmst ze verhënneren, esou de Frank Thinnes. Et wier wichteg, déi Brennstoffer, déi am Buedem sinn, och am Buedem ze loossen.

"Dat heescht, datt mir elo ophalen nei Äerdgas, nei Uelegprojeten, nei Kuelekraaftwierkprojeten iwwerhaapt nach weider ze finanzéieren. Dat wier den éischte Schrëtt"

Dat wier awer nach net genuch, ënnersträicht de Frank Thinnes: d'Solarenergie an d'Wandenergie wieren hautdesdaags déi bëllegst Energiequellen. "Dat heescht, et geet einfach drëms fir déi richteg Entscheedung ze huelen." De Frank Thinnes ass iwwerzeegt, datt een dat schaffe kann. "Et ass keng Utopie dat Ganzt."

Iwwer de Finanzsecteur Afloss huelen

Bis 2030 wëllt Lëtzebuerg d'Zäregasemissiounen ëm 55 Prozent reduzéieren. Experte ginn dovunner aus, datt een eng Reduktioun vu 65 Prozent brauch - Lëtzebuerg hätt besonnesch am Finanzsecteur Spillraum, mengt de Frank Thinnes. Sou kéint een Afloss drop huelen, a wéi eng Firmen investéiert gëtt. Déi Firmen, déi net probéieren déi 1,5 Grad Celsius ze erreechen, dierften dann déi grouss Finanzen eigentlech net kréien.

Hei wieren déi grouss Banken a Fongmanager, awer och jiddwer eenzele Bierger gefuerdert, fir méi no deementspriechende Produiten ze froen. Greenpeace erwaart sech, datt d'Regierung sech d'Fakte vum IPCC-Rapport genee ukuckt an um nächste Klimasommet a Schottland am November kloer Positioun zu enger konsequenter CO2-Reduktiounspolitik hëlt.