Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Kaart fir EU-Bierger

EU-Covid-Zertifikat

Gréng Kaart fir EU-Bierger

D'EU-Kommissioun proposéiert een digitalen Impfzertifikat. E soll dofir suergen, datt d'Bierger sech scho fir d'Summervakanz nees fräi an der EU beweege kënnen. Et sinn awer nach vill Froen op. Lëtzebuerg steet nach um Ufank, wëll ee Konsens ënner de Länner ofwaarden.

auto_stories

4 min

Déi nei Covid-Kaart heescht net méi Pass, wéi d'Ursula von der Leyen dat nach an engem Tweet den 1. Mäerz annoncéiert hat. D'Kommissioun nennt den Impf-Noweis elo "Gréngen digitalen Zertifikat".

An der Haaptsaach steet dran, ob eng Persoun, entweder geimpft ass, rezent getest gouf oder scho mam Virus infizéiert war, an deemno Antikierper huet, sou d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen gëschter op enger Pressekonferenz.

Länner decidéieren, wéi de Zertifikat agesat gëtt

Dee Zertifikat soll engem awer net direkt Rees-Rechter ginn, stellt de Justiz-Kommissär Didier Reynders kloer: "Mir wëllen de Gebrauch net reegelen, et sinn d'Memberlänner, déi decidéieren, ob Rees-Restriktiounen opgehuewe ginn oder net."

D'Memberlänner spillen eng zentral Roll bei deem Dokument. Si nämlech mussen et doheem bei sech aféieren an de Bierger zur Verfügung stellen. Dat soll digital geschéien a Form vun enger App. Iwwer ee Code kéint een d'Dokument awer zu all Moment ausdrécken, méiglech ass och eng Plastiks-Kaart, déi een am Porte-Monnaie bei sech hätt.

Och wann d'Kommissioun net wëll virschreiwen, fir wat den Zertifikat ze gebrauchen ass, de But ass kloer: Déi fräi Zirkulatioun an der EU nees garantéieren.

Kommissioun preparéiert digital Schnëttstell

Wichteg ass et, datt den Zertifikat an allen 27 EU-Länner gëllt an datt ee fälschungssécher ass. Ee QR-Code am Zertifikat soll op eng national Datebank féieren, an där d'Donnéeë gespäichert sinn.

D'Kommissioun schafft un enger digitaler Plattform, fir datt déi national Dokumenter ënnerenee kompatibel sinn. Dat ass wichteg, well et soss zu enger Fragmentatioun ënner de Länner kënnt, seet den Didier Reynders.

Den Zäitplang, deen d'Kommissioun virleet, ass een ambitionéierten. "Mir wëllen dee Zertifikat bis Summer prett hunn", sou de Justiz-Kommissär.

Legal gesinn ass dat, wat d'Kommissioun gëscht proposéiert huet, een EU-Reglement, dat heescht, datt d'Länner genee ewéi d'Europaparlament nach mussen zoustëmmen.

Sou eng Prozedur dauert normalerweis op d'mannst ee Joer.

Memberlänner si sech net eens

Wéi dat elo soll esou séier goen, bleift op. Genee ewéi eng Partie inhaltlech Froen iwwer dat, wat am Zertifikat festgehale gëtt: Ass een no enger Impfung nach ustiechend? Wéi eng Tester ginn unerkannt, wéi al dierfe se sinn? An wat heescht et genee, wann een d'Krankheet schonn hat?

Net eens ware sech d'Memberlänner bis elo driwwer, ob an engem gemeinsamen Dokument och Impfunge mat engem Vaccin, deen an der EU net zougelooss ass, dierfen opgezielt ginn. Frankräich ass do dergéint, Ungarn awer, wou mam russesche Sputnik geimpft gëtt, ass dofir.

Virgesinn ass am Zertifikat ee QR-Code, dee soll op eng national Datebank féieren, an där d'Donnéeë gespäichert sinn. Iwwer d'Plattform selwer géife keng perséinlech Donnéeën ausgetosch, sou gëschter eng EU-Beamtin. Déi Fro vum Dateschutz dierft am Europa-Parlament eng grouss Roll spillen.

Lëtzebuerg analyséiert d'Propos

Eng Partie Länner schaffe schonn un esou engem Dokument. Däitschland huet déi lescht Woch eng Firma een entspriechenden Optrag ginn, Dänemark a Schweden hate schonn dee leschte Mount, annoncéiert bis Juni prett ze sinn.

Zu Lëtzebuerg steet een do nach zimmlech um Ufank. D'Regierung hat sech prinzipiell fir een eenheetlechen Impfzertifikat ausgeschwat, awer Bedenke geäussert, datt esou een Dokument och kéint diskriminatoresch sinn, sou laang net méi Leit geimpft sinn.

D'Regierung wäert sech d'Propose vun der Kommissioun elo ukucken an analyséieren, wéi eng Preparatiounen néideg sinn, fir deen Zertifikat anzeféieren, wa sech d'Länner bis eens gi sinn, huet et gëscht aus dem Gesondheetsministère geheescht.

Sécher ass, datt wat déi grouss Vakanz méi no kënnt, den Drock och méi grouss gëtt - fir esou een Dokument, wat d'Rees méi einfach maache kann - souwuel bei de Länner, déi wëllen Touristen empfänke wéi bei de Leit, déi wëllen anzwousch anescht wéi doheem an d'Vakanz fueren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.