Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréngen EU-Kommissär als Konditioun?

Kandidatur Ursula von der Leyen

Gréngen EU-Kommissär als Konditioun?

Op d'Stëmme vun de Gréngen am Europaparlament kéint et ukommen, wann déi nächst Woch iwwer d'Kandidatin fir Kommissiounspresidentin ze ginn, ofgestëmmt gëtt. Bis elo bleift ee skeptesch, esou d'Reaktioun no enger éischter Entrevue.

auto_stories

3 min

'Kandidatin fir Presidentin vun der Europäescher Kommissioun ze ginn, d'Ursula von der Leyen hat e Méindeg eng Entrevue am Europaparlament mat de Cheffe vun der grénger Fraktioun.

Et war eng gutt Entrevue, sot um Enn déi gréng Fraktiounscheffin Ska Keller. Dat géif awer nach laang net heeschen, datt ee fir déi däitsch Kandidatin stëmmt. Et wier d'Fraktioun, déi dat decidéiert, an do soll d'Ursula von der Leyen e Mëttwoch am Nomëtteg hir Iddie presentéieren.

Den Asaz ass net vu Muttwëll, well déi Gréng Stëmme kéinten um Enn decisiv sinn. D'Europäesch Vollekspartei, bei där d'Ursula von der Leyen Member ass, kënnt zwar zesumme mat de Liberalen an de Sozialisten op eng Majoritéit.

Et ass awer nach laang net kloer, ob jiddwereen an deene Parteien der däitscher Kandidatin seng Stëmm gëtt. Also probéiert d'Ursula von der Leyen och déi Gréng ze iwwerzeegen.

Stäerkung vum Parlament ass zentral

Bis elo ass dat nach net gelongen, sot d'Fraktiounscheffin Ska Keller kuerz no der Reunioun. "Wegen der gesamten Prozedur und weil wir Grünen ständig vor die Tür gesetzt worden sind, gibt es nicht viel Appetit jemanden zu unterstützen, der jetzt mal eben vom Rat rausgeholt wurde."

Et géif een elo op konkret Propose vun der Kandidatin waarden, sou d'Ska Keller.

Wéinst deem ganze Fiasko mam Spëtzekandidatesystem, sollt doran och d'Roll vum Parlament gestäerkt ginn. Dat ass zentral fir déi Gréng, seet d'Ska Keller.

Wourop kënnt et soss nach un? Ganz vill war do aus der grénger Politikerin, déi selwer Spëtzekandidatin an den Europawahle war, net erauszekréien. Et wier bei dësem éischte Gespréich net iwwer spezifesch Punkte geschwat ginn.

Ee Punkt gouf dann awer op der Pressekonferenz ugeschwat: dee vun der Séinoutrettung, deen och zentral ass. Do misst eng europäesch Léisung fonnt ginn, sou déi gréng Politikerin.

E gréngen EU-Kommissär kéint hëllefen

Ass et dann eng gréng Konditioun, datt d'Ursula von der Leyen ee gréngen EU-Kommissär versprécht, fir eventuell kënnen op d'Stëmme vun de 74 Europadeputéierte vun de Gréngen zielen ze kënnen?

De Programm kënnt fir d'éischt, seet d'Ska Keller, mee:

"Wir wissen natürlich auch, dass man um das Programm umzusetzen auch Personen braucht, die es ernst meinen mit der Umsetzung dieses Programms. Deswegen ist es wichtig, dass wir auch grüne Personen an Stellen haben, die diese Umsetzung auch tun können."

E gréngen EU-Kommissär kéint also hëllefen. D'Ursula von der Leyen wëllt e Mëttwoch Nomëtteg an enger ëffentlecher grénger Fraktiounssëtzung kloer maachen, wou si der Partei kéint entgéintkommen. Den nächsten Dënschdeg stëmmt d'Parlament iwwer hir Kandidatur fir Kommissiounspresidentin ze ginn of.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.