Radioen

On air

Notturno  |  Corbi, Godié, Kalo De 78, Gospel Emcee, Fizé, Valkilla & T The Boss - Hamilius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grenzmaueren, gesponsert vun der EU?

EU-Sommet

Grenzmaueren, gesponsert vun der EU?

Um EU-Sommet wëllen eng Partie Länner virun allem iwwert eng méi effikass Protektioun vun den EU-Grenzen diskutéieren. Déi geplangte Reform vum europäeschen Asylsystem gëtt weider no hanne verluecht.

auto_stories

3 min

EU-Sommet zu Bréissel. (Foto: Bigstock)

An der Europäescher Unioun ass zanter Joren eng fundamental Reform vun der Europäescher Asylpolitik geplangt. D'Meenungen doriwwer ginn awer wäit ausenee, dofir ginn Decisiounen doriwwer ëmmer nees vertaagt.

Dat wäert och op dësem EU-Sommet esou sinn. Als Diskussiounsgrondlaag fir d'Diskussiounen ënnert de Staats- a Regierungscheffen déngt ee Bréif, deen d'Kommissiounscheffin hinnen Enn Januar geschéckt huet.

De Schwéierpunkt gëtt doran op d'Protektioun vun de Baussegrenzen a méi effikass Mesurë fir d'Zeréckschécke vu Migrante geluecht. Zejoert wier d'Zuel vun deenen, déi irregulär an d'EU kommen, am héchsten zanter 2016 gewiescht, schreift d'Ursula von der Leyen.

Protektioun vun de Grenzen ass prioritär

Eng Partie Länner, dorënner Éisträich, déi baltesch Staaten Griicheland an Dänemark, poche kuerz vrum Sommet drop, datt dat deen urgentste Problem ass.

"Wir haben in Wahrheit ein Systemversagen, es funktioniert Schengen nicht, es funktioniert das EU-Asylverfahren nicht", sou déi lescht Woch den éisterräichesche Kanzler Karl Nehammer.

D'EU misst dowéinst de Länner hëllefen, hir Grenze besser ze schützen, och finanziell. An och wann et drëm geet, do een Zonk oder enger Mauer ze bauen. Dozou de Manfred Weber,Chef vun der Europäescher Vollekspartei:

"Wir müssen Recht an der Außengrenze duerchsetzen, dafür sind technische Maßnahmen notwendig, aber ich sage ausdrücklich im Namen der EVP, auch Zäune sind im Ausnahmefall kein Tabu."

D'CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler och Member vun der EVP dréckt et esou aus:

"Wann ee Land wéi Belarus oder d'Tierkei Leit instrumentaliséiert, einfach fir Europa ze destabiliséieren, dat kënne mer net mat eis maache loossen. A wann an deene Fäll musse Barrièren opgeriicht ginn, an déi Länner ons Hëllef froen, da musse mer hinnen hëllefen."

EU-Sue fir Grenz-Zénk? doriwwer gëtt schonn zanter Joren diskutéiert. De Premier Xavier Bettel sot dozou am Oktober 2021 um EU-Sommet:

"Ech géif mech schummen, wann eng Kéier een Drot opgeriicht gëtt, wou drop steet, "payé par l'Union Européenne", ech géif mech schummen."

D'EU-Kommissioun bleift bis elo dobäi, datt si keng Grenzmauere finanzéiert. Am Brouillon vun de schrëftleche Konklusioune vun dësem Sommet ass et bis elo éischter vage gehalen. Et sollen EU-Fonge mobiliséiert ginn, fir d'Länner bei Grenzkontrollen an der néideger Infrastruktur ze ënnerstëtzen, heescht et do. Dat allerdéngs ass och elo schonn de Fall.

Lëtzebuerg setzt weider op Asylreform

Ëmstridden dierft an den Diskussiounen op dësem Sommet och de Punkt sinn, wéi ee mat Drëttlänner ëmgeet. Déi, déi net prett sinn, beim Zeréckschëcke vu Migrante mat ze maache sollen duerch eng méi restriktiv Visapolitik bestrooft ginn, sou d'Iddi, déi haut méiglecherweis soll festgehale ginn. Lëtzebuerg war bis elo an deem Punkt éischter skeptesch.

Déi grouss Ambitiounen iwwert eng Reform vum EU-Asylsystem misste bestoe bleiwen, sou eng EU-Source. Déi dierften net duerch Diskussiounen iwwert Grenzmaueren iwwertéint ginn.

Éisträichesch Menace

D'EU misst sech op dësem Sommet kloer an däitlech zu méi an zu konkrete Schrëtt bekennen, gëtt de Karl Nehammer an éisträichesche Medien zitéiert.

Am anere Fall géif hien dee Konklusiounstext blockéieren. Den neien Debat mat allen Argumenter ass nees lancéiert.