Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S01E10: Yaya a Nicool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Gretchenfrage fir d'Dräierkoalitioun"

Riicht Eraus

"D'Gretchenfrage fir d'Dräierkoalitioun"

Wéinst de schwieregen Erausfuerderunge wiere "mer virun der kruzialer Phas vun dëser Regierungsperiod" ukomm, esou den LSAP-Fraktiounschef. Wunnengsbau, Steierreform, Klimaschutz: Dräi déck Dossieren, déi den Ament "heftegst" an der Koalitioun tëschent LSAP, DP an déi gréng diskutéiert géife ginn. Den Alex Bodry schwätzt vun enger Bewärungsprouf.

auto_stories

3 min

Den Alex Bodry (LSAP), Invité a Riicht eraus

Sou wéi d'Gretchen dem Goethe säi Faust gefrot huet, wéi hien et da wierklech mat der Relioun hält, misst d'Dräierkoalitioun elo un de Fong vun de Problemer goen, esou de Message vum LSAP-Politiker Alex Bodry. Déi aktuell zweet Legislaturperiod vu blo-rout-gréng wier eng vill méi schwiereg Period wéi déi éischt.

D'Legislatur 2013-2018 wier eng Ausnamesituatioun gewiescht. No der Dominanz vun der CSV wier et bei DP, LSAP an déi gréng en "Zement", e "Wëllen tëschent Frënn" ginn. "Dat war eng Situatioun, wéi ech se nach net kannt hunn", esou den LSAP-Fraktiounschef. An där Phas wieren déi einfach Dossieren ofgeschafft ginn.

Grouss Erausfuerderungen

An dëser Legislaturperiod (2018-2023) wiere komplex Léisunge gefrot. Fir eng Partei wier dat scho schwéier, zu dräi nach méi. D'Konzentratioun vun deene schwieregen Dossiere géif him Suerge maachen.

Am Logement géife sech "onheemlech schwiereg Froe" stellen. Et wier en Equiliber néideg fir d'ëffentlech Initiativ ze stäerken an d'privat Initiativ net futti ze maachen. D'LSAP an déi gréng wiere sech do méi no, d'DP wier méi retizent fir anzewierken. "Mir brauchen awer Awierkung, en neie Kader", esou den Alex Bodry an eiser Emissioun Riicht eraus. Et kéint een net ëmmer Steiercadeaue maachen an d'Besteierung vum Besëtz méi ongerecht maachen.

Potentiell Divergenzen

Dobäi géif et fir d'Steierreform net vill finanzielle Sputt ginn ("e puer Honnert Milliounen Euro"): "Wann dat soll d'Marge sinn, an et seet een, et dierf praktesch kee méi bezuelen, da muss ee wëssen, wéi een et soll ronn kréien", seet den Alex Bodry. Divergenze géifen et op méi Punkte ginn:

  • Betribsbesteierung
  • Klimabesteierung
  • Antispekulatiounssteier

Um Enn misst alles gutt preparéiert sinn, chiffréiert an ëmzesetzen.

Wéi staark ass den Zement?

Dofir stellt den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry d'Fro, "wéi wäit den Zement" nach staark genuch wier, fir "déi doten Erschütterungen auszehalen". Hie géif sech op schwéier an haart Diskussiounen astellen. Um Enn géif sech d'Fro stellen, ob déi dräi Regierungsparteien hanner de Kompromësser stinn. Wann d'Regierung déi Erausfuerderung iwwersteet, hätt se e "relative Boulevard" viru sech, "vläicht esouguer iwwer déi nächst Wahlen eraus".

Den Alex Bodry mécht och en Appell un d'Oppositioun fir konstruktiv matzeschaffen. "Wann dat déi grouss Problemer vum Land sinn, firwat brénge mir et dann net fäerdeg, dat am Interessi vum Land gemeinsam ze maachen?", esou de Versuch vum Sozialist fir d'CSV, d'ADR, déi Lénk an d'Pirate mat an d'Boot ze kréien.

De Wee an déi zweet Rei

Den Alex Bodry hält virun der Chrëschtvakanz als LSAP-Fraktiounschef op. Onofhängeg dovun huet den Alex Bodry a Riicht eraus confirméiert, datt hie wäert fir de fräie Posten am Staatsrot kandidéieren, wann de Profil op seng Persoun passt, a wann hie gréng Luucht vu senger Partei kritt. Dat wier fir hien e bëssen iwwerraschend komm, well de René Kollwelter krankheetsbedéngt fréizäiteg opgehalen huet.

Hie wéilt fräiwëlleg an déi zweet Rei: fir d'Erneierung an de Käpp an der LSAP ze erméiglechen a wéinst stressbedéngte gesondheetlechen Ursaachen. Mee och de Blockage vun der CSV am Verfassungsdossier géif eng Roll spillen: "Ouni dat hätt ech déi Decisioun vläicht net esou geholl". Wann hien an de Staatsrot wiesselt, soll d'Simone Asselborn-Bintz aus dem Wahlbezierk Süden fir d'LSAP an d'Chamber noréckelen.

"Nach ëmmer Sand am Riederwierk"

Fir den Alex Bodry ass eegenen Aussoen no net kloer, ob d'Parteien eng nei Verfassung wëllen an den decisive Referendum wëlle "féieren an duerchstoen".

Plang B kéint et sinn, fir kapitelweis eng Rei Ännerungen ze maachen, iwwer déi et en Accord gëtt. Et géifen och nees um Fong nei Divergenze ginn. Wien den Dossier an der LSAP soll virundreiwen, wollt oder konnt den Alex Bodry nach net soen.