Radioen

On air

Espresso Beats  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gros vu Recommandatioune gëtt an nächster Zäit ëmgesat

Waringo-Rapport

Gros vu Recommandatioune gëtt an nächster Zäit ëmgesat

Ronn 90 Prozent vun de Recommandatioune vum Jeannot Waringo a sengem Rapport iwwer de groussherzoglechen Haff sollen an nächster Zäit ëmgesat ginn, mam Accord vum Grand-Duc: dat huet de Xavier Bettel de Mëtteg op senger Pressekonferenz ugekënnegt. Aner Changementer bräichte méi Zäit, well nach Detailer missten ausgeschafft ginn.

auto_stories

2 min

D'Pressekonferenz vum Xavier Bettel ganz lauschterenplay_arrow


De Grand-Duc Henri wier mat alle proposéierten Ännerungen averstanen, huet de Premier no senger Entrevue mam Staatschef gëschter preziséiert. Aner Changementer bräichte méi Zäit, well nach Detailer missten ausgeschafft ginn, seet de Xavier Bettel:

"Et si verschidde Saache wou nach Diskussioune lafen. [...] Mee et gëtt keen Njet vum Grand-Duc op iergendengem Punkt, wou de Grand-Duc seet, dat dote kënnt net a Fro. Ech hunn et hei mat engem Uspriechpartner ze dinn, dee weess, datt et hei net drëms geet eng Hetzcampagne ze maachen, mee au contraire eng Legitimitéit, eng Institutioun ze stäerken an ze evitéieren, datt se an d'Kritik och kënnt."

Bei de geplangten Ännerunge geet et ëm d'Personalgestioun um Haff, ëm d'Struktur an d'Opdeelung vum Offiziellem a Privatem, grad wéi ëm Froe vu Budget a Finanzen.


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Bei de Recommandatiounen a Saache Finanze vum Haff géif et dem Premier no e kloert Leitmotiv ginn:

"All Depense, déi a Relatioun sti mat der offizieller Funktioun vum Grand-Duc mussen transparent, novollzéibar an no de Reegele vum Staat geréiert a kontrolléiert kënne ginn. An da gi se och duerch de Staatsbudget finanzéiert."

Vun 2021 u soll den Haff een Aktivitéitsrapport publizéieren.

Monarchie als Staatsform bäibehalen

De Xavier Bettel huet och gesot, hie géif den Esprit vun de Recommandatiounen am Waringo-Rapport deelen: hie stéing zur Monarchie, dat wier déi richteg Staatsform. Hien hätt de feste Wëllen d'Monarchie ze stäerken.

D'Monarchie soll gestäerkt ginn, duerch Verbesserungen, méi Transparenz an eng Upassung un dat 21. Joerhonnert. D'Zil wier e "Lëtzebuerger Modell, dee gutt funktionéiert", esou d'Conclusioun vum Premier Xavier Bettel.

Geplangt wier ënner anerem een neien Organigramm beim Haff anzesetzen, deen d'Posten an d'Responsabilitéite kloer soll verdeelen, esou de Xavier Bettel:

"Een Organigramm gëtt elo festgehalen, en ass nach net fäerdeg. Mee ech kann Iech just soen, datt an deem Organigramm - dat, wat den Här Waringo och seet - fir mech heescht, datt d'Grande-Duchesse do keng Plaz méi huet, op jiddwer Fall an der administrativer Organisatioun vum Haus."


Froen an Äntwerten zum Waringo-Rapport lauschterenplay_arrow