Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groupe HRS: Ännerungen an der Gouvernance

Hôpitaux Robert Schuman

Groupe HRS: Ännerungen an der Gouvernance

An der Gouvernance vun den Hôpitaux Robert Schuman sollen et deemnächst Ännerunge ginn. Dat krute mer vu Sourcen no um Dossier gesot. D'Spëtzte vun de Verwaltungsréit vun den zwou Haapt-Entitéite vum Groupe sollen net méi aus deene selwechte Persoune bestoen. Domat géif op eng Kritik aus de leschte Woche reagéiert ginn.

auto_stories

2 min

Hôpitaux Robert Schuman - Hôpital Kirchberg. Foto: Groupe HRS

Zanter engem Joer ass de Jean-Louis Schiltz gläichzäiteg President vun HRS SA a vun der Fondatioun HRS. Och de Claude Seywert an de Michel Würth si Vizepresidente vu béiden Entitéiten.

Fir ënner anerem iwwer d'Changementer ze decidéieren ass haut an enger Woch, den 19. Abrëll am spéiden Nomëtteg eng Assemblée Générale vun HRS SA. De President vu béide Conseilen huet net op eis Fro geäntwert, wéi hie seng Zukunft am Spidol an an der Fondatioun gesäit. Kuerz no der Assemblée générale vun HRS SA soll eisen Informatiounen no och eng AG vun der Fondatioun sinn.

D'Fondatioun bedreift a verwalt Aktivitéiten baussent dem Spidol an ass eenzegen Aktionär vun HRS SA. D'SA regroupéiert op hirer Säit d'Spidolsaktivitéiten vum Spidol Kierchbierg, vun der Bohler-Klinik, der Zithaklinik an der Clinique Sainte Marie. De Verwaltungsrot vun der Fondatioun bestëmmt d'Membere vum Verwaltungsrot vun HRS SA.

Och d'nächst Woch, den 21. Abrëll, hunn d'Dokteren eisen Informatiounen no eng Assemblée générale. Do soll iwwer en internen Sondage décidéiert gi, wou ënner anerem Mobbing an d'Kommunikatioun vum Conseil d'Administration déi lescht Méint en Theema wäert sinn.

HRS an der Kritik

De Groupe HRS ass zanter Februar an der Aktualitéit. Et gouf vill Kritik, well d'Presidence vum Verwaltungsrot sech fréizäiteg impfe gelooss huet. Och déi diskutabel Gouvernance beim Groupe HRS stoung an der Kritik.

Rezent gouf bekannt, datt d'Hôptaux Robert Schuman an hire Generaldirekter Claude Schummer getrennte Weeër ginn. Ee vun den Hannergrënn ass, datt de Claude Schummer reprochéiert kritt eng privat Impfcampagne organiséiert ze hunn. De Claude Schummer sot eis de 15. Mäerz, et wier alles mam President Jean-Louis Schiltz ofgeschwat gewiescht.