Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Gewerkschafte fuerderen an d'Krisepolitik agebonnen ze ginn

Sozialdialog?

Grouss Gewerkschafte fuerderen an d'Krisepolitik agebonnen ze ginn

Bréiwer géife net beäntwert ginn, Fuerderunge fir eng Tripartite anzeberuffe ginn ignoréiert. An och beim Ausschaffe vun enger Exit-Strategie géife si ausgeschloss ginn. Esou d'Kritik gëschter vun den dräi Gewerkschaften LCGB, OGBL an CGFP un d'Adress vun der Regierung.

auto_stories

3 min

Zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris hätt de Sozialdialog immens gelidden, fënnt d'Presidentin vum OGBL. Bei alle wichtegen Diskussioune wieren d'Gewerkschaften net ëm hir Meenung gefrot ginn, sou d'Nora Back.

"Lo ass awer eis Regierung och déi, déi sech ëmmer drop berifft, datt dat wichteg ass, an datt eise Lëtzebuerger Sozialmodell op dem Dialog berout, mat de Sozialpartner an der Regierung."

D'Gewerkschafte gesi sech als wichteg Interlocuteure mat deenen net geschwat gouf

Grad bei der Fro vun enger Exit-Strategie an dem Deconfinement wier et awer wichteg gewiescht d'Gewerkschaften ëm hir Meenung ze froen, fënnt och de Steve Heiliger, General-Sekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft, CGFP. D'Leit an de Verwaltungen, déi all Dag um Terrain wieren, géifen d'Gegebenheeten am beschte kennen. "A fir déi Leit einfach aussen vor ze loossen a sech dann op gutt Rotschléi - jo - vun Aarbechtsgruppen ze baséieren, déi an eisen Aen awer vun Theoretiker besat sinn", wier keng gutt Iddi.

Den Ënnerscheed tëschent Theorie an der Praxis erkläert de Steve Heiliger un Hand vun engem Beispill aus der Verwaltung.

"Et kann een natierlech eng Direktiv erausginn, datt wann d'Verwaltungen erëm ufänke mat schaffen, datt een da soll kucken, datt d'Leit zwee Meter ausernee setzen, fir dann déi néideg Distanz zum Dëschnoper ze hunn. Wa mer natierlech da matgedeelt kréien, datt dat a ville Büroen net méiglech ass an do op eemol masseweis Plexiglas muss bestallt gi fir déi Büroen ofzedeelen. Dat ass e Beispill wou ee gesäit, datt d'Basis do hätt kënnen en Input ginn. Wou mer hätte kënne soen, komm mir maachen dat en alternance, komm mir ruffen d'Leit net all zesummen erëm, kommt mer kucke fir Gruppen ze maachen."

Gewerkschafte fuerdere fir bei den Diskussiounen iwwer d'Pandemie-Gesetz mat agebonnen ze ginn

Dee leschten Ustouss fir déi dräi Gewerkschafte wier awer gewiescht, wéi ee matkritt hätt, datt elo relativ séier en neit Pandemie-Gesetz soll kommen, seet d'Nora Back. Dem Kalenner vun der Chamber no soll d'Regierung haut an der Conférence des Présidents en Avant-Projet vun engem Pandemie-Gesetz presentéieren. D'Gewerkschafte wieren och hei net gefrot ginn, a si géifen och d'Urgence net verstoen, sou d'OGBL-Presidentin.

"Déi Loi pandémie ass e Gesetz, dat eis alleguer betrëfft, an dat och iwwer den Etat de crise eraus wäert gülteg sinn. An dofir muss ee sech do an eisen Aen déi noutwendeg Zäit loossen, fir dat a Rou ze diskutéieren an och säin normale legislative Wee goen, deen een hei zu Lëtzebuerg ze goen huet."

An hirem Bréif fuerderen d'Gewerkschaften dofir eng drénglech Sëtzung mam Premierminister Xavier Bettel, un deen de Bréif och offiziell adresséiert war. Stand Dënschdeg Nomëtteg hätt een nach keng Réckmeldung kritt, esou den CGFP-Generalsekretär. De Bréif ass allerdéngs eréischt den Dënschdeg de Moien erausgaangen. "Mir hoffe just datt déi Réckmeldung méi séier kënnt, wéi op eis lescht Interventiounen, well déi si bis elo nach net komm. A mir hätte gär op d'mannst Reaktiounen, wa mir eis un d'Politik adresséieren", sou de Steve Heiliger.

Nora Back: Demonstratiounsrecht muss nees garantéiert ginn

Déi dräi Gewerkschafte wéilten elo net méi lassloossen, éier si vun der Politik gehéiert ginn. D'Nora Back weist am Kontext Demonstratiounsrecht drop hin, datt duerch den Etat de crise och d'Méiglechkeeten ageschränkt goufen.

"Wichteg ass fir eis, datt mer ab lo, direkt, eis Demonstratiounsrechter erëmkréien an datt mer och net kënnen nokucken, datt mer verbuede kréien, eis zu méi wéi 20 Leit op enger ëffentlecher Plaz ze versammelen. "

Op eventuellen Demonstratioune missten natierlech d'Sécherheetsofstänn an d'Droe vum Mask als Sécherheetsmesuren agehale ginn, esou d'Nora Back.