Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Sinfonia fir Sträicher a Basso Continuo a Sol Majeur, RV 739, I. Allegro - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Groussbritannie géif sech ugräifbar maachen"

Brexit

"Groussbritannie géif sech ugräifbar maachen"

De Charel Goerens hält et fir ganz onwahrscheinlech, datt dat britescht Parlament géint de Brexit-Accord stëmmt, deen e Sonndeg vun de 27 EU-Memberstaaten ugeholl gouf. Domat géif Groussbritannie sech ugräifbar maachen, als Land dat net zu sengen Engagementer steet. Dat wier keng gutt Ausgangsbasis fir zukünfteg Relatioune mat anere Staaten ze verhandelen.

auto_stories

5 min

Fanny Kinsch: Dono kënnt jo dann de schwéiersten Deel vum Brexit. Den Donald Tusk hat eng Kéier gesot "breaking up is hard, but breaking up and building a new relationship is even harder". Wat erwaart eis do nach?

Charel Goerens: Dat gëtt spannend, well a Groussbritannie ginn et zwee Campen. Déi eng wëlle ganz oppen an extrem liberal sinn, wat d'Bezéiung mam Recht vun der Welt uginn. Dat ass awer zum Deel e Stréch duerch d'Realitéit gemaach, well de beschten Handelspartner dee Groussbritannie ka fannen, ass den europäesche Marché. En ass solvabel, en ass grouss, en ass wichteg, et ass dee gréisste Bannemarché an en ass direkt virun hirer Dier. Ech mengen net, datt si déi Trëmp, déi d'Europäesch Unioun hinnen ubitt, aus der Hand schloe kënnen, au Profit vun anere Preferenzen, déi absolut net am Stand sinn, dat ze kompenséieren, wat si mat der Europäescher Unioun hunn. Sou gesi wäert d'EU nach viru mat Groussbritannie streiden, et ginn nach vill Problemer ze léisen. Den Accord, dee mir elo hunn ass jo just den Trennungsaccord, wou déi Problemer, déi net konnte geléist ginn, op spéider verluecht ginn. Mir nennen dat Backstop, dat ass de Problem vun der irescher Grenz, oder, wéi am spuenesche Fall d'Vetorecht. Den Different, dee Spuenie Groussbritannien opposéiert, iwwer d'Gibraltarfro. Déi Froe sinn nach alleguer net geléist. Also et gëtt nach spannend an zum Schluss muss alles stoen. D'Vergaangenheet muss gekläert sinn, genee wéi d'Zukunft. Souguer wann déi Hannergedanken an déi Schwieregkeeten an déi Oppositiounen, déi et a Groussbritannie géif, da géif eng Renegociatioun iwwer eng nei Relatioun ganz laang daueren. D'Erfahrung weist, datt d'Europäesch Unioun mat fënnef Joer seelen duer kënnt, fir sou een Accord duerchzekréien. Et ass méi no bei zéng Joer, wéi bei fënnef.

Elo si geschwënn Europawahlen, mat wéi enger Astellung gi Dir an déi Europawahlen nom Brexit?

D'Leit wéisste gär, wat d'Politik un Äntwerte ka bréngen op hir Froen. Si mir am Stand d'Globalisatioun ze maitriséieren, si mir am Stand mat den Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun eens ze ginn, wéi ass et mat der Fräizügegkeet vun de Persounen, kënne mir déi Grondfräiheete virun erhalen, brénge mir et fäerdeg, en Europa ze halen, dat op fräie Gesellschafte baséiert? Dat sinn, menger Meenung no, déi Haaptpunkten, déi an den nächste Wahlkampf eraspillen. Ech hoffen, datt d'Politik och Äntwerten dorop artikuléiert kritt. Ech erwaarde mir vun de responsabele Parteie Léisungen, am Contraire zu de Populisten, déi iwwerall nëmme Problemer sichen a sech dorun ergötzen. Domat wëll ech soen, datt ech manner d'Populiste fäerten, wéi d'Onfäegkeet vun deenen anere Parteien, fir domat eens ze ginn.

Wäert sech d'Stëmmverhale vun Europaparlament änneren, ouni déi britesch Membere vum Europaparlament?

D'Stëmmverhale wäert sech op zwou Manéieren änneren. Wa si fort sinn, dann hu mir mat de Sozialisten eng responsabel Kraaft, mat de Gréngen eng zweet, déi Liberal hu just nach ee Vertrieder do. Déi feelen eis. D'Populiste vum Farage, déi ganz staark vertruede waren, déi si fort, also géifen d'Clivagen insgesamt déi selwecht bleiwen, wa keng Neiwahle kéimen. Wann awer Neiwahle kéimen, da gi mir awer mat Sécherheet dovun aus, datt déi Rietsextrem gestäerkt ginn. Dat heescht d'Kräfteverhältnis gëtt awer een Anert. Ech ginn awer net sou wäit a soen, datt mir net méi fäeg wiere fir europäesch Gesetzer ze maachen. Ech mengen, datt d'kritesch Mass do ass. Wann déi raisonnabel Kräfte wëllen zesummeschaffen, da wäert et ëmmer fir Majoritéiten duergoen.

Ass dee Wëllen dann do?

Ech mengen eng Wahlcampagne ass jo och een Test de Crédibilité. Et ass och um Bierger fir doraus e Stresstest ze maachen, fir ze kucken in wie fern d'Parteie fiabel si fir op dee Wee ze goen. Een deen u Léisungen interesséiert ass, dee ka sech am Fong keng Politik virstellen, ouni sech déi do Fro gestallt ze hunn an eng Äntwert dorop ze kréien.

De Xavier Bettel hat jo gesot, datt Lëtzebuerg duerch de Brexit en Alliéierte verléiert op verschiddene Froen, virun allem am Finanzberäich, wat heescht dat genee?

Dat ass schwéier ze soen. Lëtzebuerg verléiert zwar een Alliéierten, mee den Alliéierte war dacks just en Alliéierte bis kuerz virun der leschter Decisioun, da war en net méi sou sécher. Et war grad sou dacks fir Lëtzebuerg en onséchere Kantonist wéi ee strammen Alliéierten. Et erginn sech eng Partie Méiglechkeeten, déi awer eréischt da kloer erkennbar ginn, wa mir wëssen, wéi déi zukünfteg Relatioune mat der Europäescher Unioun ausgesinn. Inwiefern kënnen d'Services financiers vu Grousbritannie weider an der Europäescher Unioun ugebuede ginn. Dat hänkt manner vun der EU of, wéi wou Groussbritannien. Fir datt dat an der Europäescher Unioun kéint de Fall bleiwen, misste se am Fong d'Reegele vum europäesche Bannemaart respektéieren. Dat ass awer eng reng schematesch Representatioun. Et kann awer och sinn, datt d'EU an engem Kompromëssgeescht zur Erkenntnis kënnt, datt et fir kee gutt ass, wa mir total am Sträit ausernee ginn. Wa mir e Maximum u Kooperatioune sichen. Wann et en haarde Brexit gëtt, dann hu mir dono eng Situatioun an där eng Partie Servicer aus Groussbritannie wäerte fort goen, do ka Lëtzebuerg der eng Partie opfänken. Lëtzebuerg kann awer net alles opfänken. Sou gesinn hätt dat fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz e gewëssen Opschwongseffekt.