Vun e Méindeg u solle bis zu 120.000 där Tester pro Woch gemaach ginn, bei alle Schüler, Enseignanten an Educateuren, esou de Claude Meisch de Moie bei der Presentatioun vun dëser Campagne. Den Educatiounsminister huet vun engem "preventiven Testing" e Mol pro Woch geschwat.
D'Tester bei de Schüler solle fräiwëlleg mam Accord vun den Eltere gemaach ginn. Dës sougenannten Auto-Tester, déi d'Schüler vum Cycle 2 u selwer sollen duerchféiere wiere "kannerliicht" ze maachen, esou de Claude Meisch.
D'Spillschoulskanner sollen d'Tester doheem zesumme mat hiren Eltere maachen.
Et wier genuch Test-Material disponibel fir dës Schnelltest-Campagne, déi bis déi grouss Vakanz soll lafen.