De Promoteur Flavio Becca steet zanter gëschter wéinst dem Virworf vun Abus de biens sociaux viru Geriicht.
De Enquêteur vun der Police Judiciare huet un Hand vun den zéng gréisste (vun den am Ganze 74) Fournisseuren erkläert, wéi eng Aueren a wéi engem Zäitraum a fir wéi eng Valeur vum Flavio Becca perséinlech kaaft an iwwer seng Gesellschafte finanzéiert gi wieren.
A sengen Aussoe bei der PJ hätt de Flavio Becca gesot, hien hätt ni Aueren un drëtt Leit verschenkt, hien hätt awer Familljememberen e puer vun den Aueren zur Verfügung gestallt, esou den Enquêteur.
De Polizist huet och den Detail vun de Finanzbuchungen erkläert: Buchungen, déi zum Deel iwwer Konte vum Flavio Becca senger Holding zu Hongkong gelaf wieren.
D'Suite vun dësem Prozess ass muer de Moien, mat Froen un de Flavio Becca.