Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gutt gemengt, mee schlecht inzenéiert!

Fräie Mikro

Gutt gemengt, mee schlecht inzenéiert!

Wéi soll d'Theema Rassismus an ëffentlechen Debate behandelt ginn? Et ass wichteg, der Sécherheet an dem Wuelbefanne vun de concernéierte Leit Rechnung ze droen, mengt d'Antónia Ganeto am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Antónia Ganeto ass Member vun der Commission Consultative des Droits de l'Homme a Presidentin vu Finkapé, enger Organisatioun, déi sech fir d'Rechter vun den Afrodescendanten asetzt. Foto:

D'Theema vum Rassismus ass an der Ëffentlechkeet sou present, wéi scho laang net méi. Et ass cool a woke fir Rassismus ze verurteelen an eppes ze organiséiere fir d'Phänomeen ze bekämpfen. U sech eng gutt Saach, oder?

Net onbedéngt. Et geet net duer eppes gutt ze mengen! Besonnesch bei dësem Theema, wou et ëm Ongläichheeten geet, muss der Sécherheet an dem Wuelbefanne vun de concernéierte Leit Rechnung gedroe ginn.

Leider war ech op ville Plazen, wou dat net geschitt ass!

Ee "Safe space" fir concernéiert Leit

Natierlech si pluralistesch a kontrovers Diskussiounen eng spannend Saach a wichteg fir eis Demokratie. Et dierf awer net sinn, datt Participante vun esou Debaten zu Schued kommen.

Bei der Organisatioun vun engem Event, muss een dofir iwwerleeën, wéi een ee sougenannte "safe space" - ee sécheren Espace - fir concernéiert Persoune schafe kann.

An der Psychologie schwätzt ee vu "racial trauma" oder "racial traumatic stress" fir iwwer dee posttraumatesche Stress ze schwätzen, ënner deem vill rassiséiert Matmënsche leiden. Dee Stress entsteet als Konsequenz vun enger Ureiung vu rassisteschen Erfarungen a beanträchtegt déi mental a kierperlech Gesondheet.

Ausgeléist gëtt en a Situatioune wou rassistesch Inhalter ugeschnidde ginn oder rassistesch Handlunge stattfannen, respektiv geet et schonn duer, datt eng rassistesch Situatioun potentiell kéint entstoen, an en ass generatiounsiwwergräifend, sou datt och betraffe Persounen, déi lo op d'Welt kommen, nach ënner dem Stress vun Sklaverei an der joerhonnertelaanger Ënnerdréckung leiden.

Debate musse gutt organiséiert a beduecht sinn

Organiséiert een elo en Debat, wou populisteschen a rassistesche Positioune fräie Laf gelooss gëtt, sou gëtt een de Leit mat dësen Iddien net nëmmen eng Geleeënheet fir hir geféierlech Ideologien an d'Ëffentlechkeet ze bréngen, mee et léist een en traumatesche Stress bei deene concernéierte Persounen aus.

Léist d'Moderatioun, aus Respekt virun der Positioun, dem Alter an der Hautfaarf et och nach zou, datt deene Leit méi Raum gi gëtt, sou dréit een zu enger Asymmetrie bei, déi bei de concernéierte Leit grousse Schued uriicht.

En Debat, eng Table ronde, eng Konferenz, Formatioun oder Virstellunge vun Etüdë si keng Bistrosgespréicher, a virun allem net neutral.

Als Organisateur oder Organisatrice vun esou engem Evenement, huet een eng grouss Verantwortung. Et muss ee sech d'Fro stellen, wéi een eng respektvoll Diskussioun erméigleche kann, wou d'Wuelbefanne vun alle Bedeelegte garantéiert bleift.

Et muss ee kucken, wéi engen Iddien ee wéi vill Raum gëtt a wat fir eng Roll een de verschiddene Leit an der Diskussioun iwwerdréit.

Wien ass d'Expertin oder den Expert? Wie gëtt een Temoignage of? A wéi ergeet et hinnen dobäi, wärend dem Prozess an och duerno? Wiem seng Perspektiv gëtt méi oder manner héichgehalen?

D'Theema gutt iwwerluecht ugoen

Do dernieft muss ee sech d'Fro stellen, wéi een eng pluralistesch Diskussioun an engem geschützte Kader erméiglecht. Sollen d'Leit sech direkt konfrontéieren? Organiséiert ee méi thematesch Owender mat verschiddene Schwéierpunkten?

Da stellt sech och nach d'Fro vun der Moderatioun? Ass et eng concernéiert Persoun? Eng wäiss Persoun? Ee Moderatiounsteam? An dëst sinn nëmmen e puer Beispiller vu Saachen, déi musse beduecht ginn.

Fir net falsch verstanen ze ginn: ech wëll domat net soen, datt een d'Theema Rassismus net soll behandelen. Et ass wichteg a gutt, datt dat Theema an der Ëffentlechkeet ass. Et soll ee just gutt iwwerleeën, wéi een dat Thema ugeet, soss riicht ee méi Schued un, wéi ee Guddes bewierkt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.