Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guy Foetz: "Et gëtt grousse Nohuelbedarf beim soziale Wunnengsbau"

Invité vum Dag

Guy Foetz: "Et gëtt grousse Nohuelbedarf beim soziale Wunnengsbau"

Fir eppes géint de Manktem u sozialen an abordabele Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg ze ënnerhuelen, misst d'Gemeng selwer als Promoteur aktiv ginn, verlaangen déi Lénk. Hire Conseiller Guy Foetz huet de Moien am 100,7-Interview drop higewisen, datt mat méi wéi enger Milliard Euro Reserven an der Keess genuch finanzielle Spillraum do wier.

auto_stories

3 min

Och um Niveau vun der Gemengeverwaltung stéinge genuch Ressourcen zur Verfügung, seet de Guy Foetz. Vun den 62.500 Logementer an der Staat si just 2,5 Prozent sozial Wunnengen, oder anescht ausgedréckt: et gëtt eng Sozialwunneng pro 100 Awunner.

Déi Lénk fuerderen, datt d'Gemeng selwer als Promoteur aktiv misst ginn, fir eppes géint de Manktem u sozialen an abordabele Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg ze ënnerhuelen.

Hire Conseiller Guy Foetz verlaangt och, datt een Deel vun deene Logementer als Mietwunnenge misst erhale bleiwen.

An deem Kontext huet hien op eng Ausso vum CSV-Schäffe Laurent Mosar higewisen: Dësen hätt rezent gesot, datt op deene grousse Flächen, déi d'Gemeng huet - esou beispillsweis um Stadion oder der Porte de Hollerich - sozial Wunnenge gebaut ginn.

Mee déi Wunnenge géifen erëm verkaaft ginn, well d'Gemeng dat finanziell net meeschtere kéint:

"Mee wann d'Gemeng Lëtzebuerg dat net ka meeschteren - mat iwwer enger Milliard Reserven an Iwwerschëss - da froen ech mech, wien kann ech da maachen?"

Projet Stäreplaz: "nëmmen zéng Prozent soziale Wunnengsbau virgesinn"

Dem Pacte logement 2.0 no mussen d'Gemengen an neie PAPen virschreiwen, datt - jee no Gréisst - bis zu 20 Prozent vun de Logementer Sozialwunnenge ginn.

De Guy Foetz huet och keng Bedenken, datt dat am neie Quartier um Site vum Stadion op der Areler Strooss wäert geschéien. Beim Projet Stäreplaz wier dat anescht, seet de Guy Foetz am 100,7-Interview:

"Dat ass e Projet, iwwer dee schonn an den 90er Jore geschwat ginn ass. Elo ass erëm en neie PAP gemaach ginn, an do ass awer nëmmen zéng Prozent soziale Wunnengsbau virgesinn. Firwat? Ma well am Pacte logement 2.0 eng Iwwergangsbestëmmung agefüügt ginn ass, datt wann e PAP an d'Prozedur kënnt, bis zu sechs Méint nom Vott vum Gesetz (an dësem Fall bis de Februar), da ginn nach ëmmer 10 Prozent do applizéiert.

Déi Lénk géifen sech d'Fro stellen, wien an der Regierung deen Drock ausgeüübt hätt, datt dëst do dra kënnt, seet de Guy Foetz. Si kéinten sech net virstellen, datt dëst d'LSAP oder déi gréng gewiescht wieren.

Am Stater Gemengerot vum Méindeg Mëtteg géifen déi Lénk eng Motioun abréngen, fir gewuer ze ginn, wéi vill vun den Terrainen um Gebitt vun der Stad der Gemeng, dem Staat oder soss engem ëffentlechen Acteur gehéieren.

Déi Lénk wéilten dat wëssen, fir besser aschätzen ze kënnen, wéi vill Spillraum et gëtt, fir soziale Wunnengsbau an der Haaptstad ze maachen, seet de Vertrieder vun déi Lénk am Stater Conseil. Do géif et nämlech groussen Nohuelbedarf ginn.