Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guy Heintz: Fundamental Steierreform ass méiglech

Individuell Besteierung

Guy Heintz: Fundamental Steierreform ass méiglech

Wann een intensiv dru schafft, da kéint een och a kuerzer Zäit eng fundamental Reform vum Steiersystem hikréien, seet de Guy Heintz, de fréieren Direkter vun der Steierverwaltung. Ouni Compensatiouns-Mechanismen an Iwwergangszäite wier sou eng Reform awer schwéier ëmzesetzen, sou de Guy Heintz.

auto_stories

2 min

Am État de la Nation sollen - wéi et ausgesäit - éischt Detailer iwwer déi geplangt Steierreform bekannt gemaach ginn. Am Koalitiounsaccord ass virgesinn op eng individuell Besteierung vun de Leit a just nach enger Steierklass hinzeschaffen, ouni datt ee schlecht ewech kënnt. Dat wier ouni Compensatiouns-Mechanismen an Iwwergangszäite schwéier méiglech, sou de Guy Heintz. Progressiv soll déi Ëmstellung gemaach ginn, steet am Regierungsaccord.

Mee wéi laang géif deen Iwwergang daueren? Do wier alles denkbar, seet de Guy Heintz, e puer Joer oder och vill méi laang.

"Elo kéint een dann extrem soen, datt an deen neie System nëmmen déi kommen, déi vun deem Stéchdatum un, wou d'Reform kënnt, déi da vun deem Datum u gepacst respektiv bestuet ginn; all déi aner kënnen optional wiesselen, wa si wëllen."

D'Iwwergangszäit dierft allerdéngs och net ze laang sinn, well ee soss de Risiko leeft, datt d'Realitéit dee Moment wou d'Reform voll gräift, schonn erëm eng aner ass wéi déi vun haut, sou de fréieren Direkter vun der Steierverwaltung.

Der Steierverwaltung déi néideg Zäit ginn, fir d'Reform ëmzesetzen

Eng Steierreform trëtt ëmmer op den 1. Januar a Kraaft. De Guy Heintz hofft, datt d'Verwaltung genuch Zäit kritt fir se ëmzesetzen. Idealerweis misst eng Steierreform dofir spéitstens virun enger Summervakanz an der Chamber gestëmmt ginn. Dee Moment hätt d'Verwaltung da sechs Méint Zäit, fir d'Reform ëmzesetzen. Och wa sechs Méint theoretesch géifen duergoen, wier et besser, wann d'Verwaltung ronn ee Joer Zäit hätt, fir déi zukünfteg Steierreform ëmzesetzen, seet de Guy Heintz.

Positiv wéi negativ Erfarungen am Beruff vum Steierbeamten

De Guy Heintz war zéng Joer Direkter vun der Steierverwaltung, enger Administratioun, mat där d'Leit net onbedéngt frou sinn. De Guy Heintz seet et wier "alt och emol virkomm, datt een den Toun gehuewen hätt", mee zu kierperlecher Gewalt wier et awer net komm.

D'Leit wiere vläicht net frou, fir Steieren ze bezuelen, op där anerer Säit hätt een awer och Feedback kritt, datt d'Leit awer och wëssen, "datt si musse contribuéieren zum Staatswiesen". A wann d'Leit um Steierbüro hir Froe beäntwert kritt hunn, hätt hien och emol "ganz positive Feedback kritt", sou nach de Guy Heintz.