Datt de Grand-Duc Henri d'Gesetz vum 24. Dezember iwwer déi nei Mesurë géint d'Pandemie zu Biarritz ënnerschriwwen hat, war an der Press an op de soziale Medien deels kritesch kommentéiert ginn.
De Service Presse deelt weider schrëftlech mat, de Grand-Duc wier mat der Grande-Duchesse am Ausland fir d'Feierdeeg ze verbréngen. Hie wier a stännegem Kontakt mat der Regierung a senge Mataarbechter, fir informéiert ze bleiwen a fir seng Prerogativen ze erfëllen.