Et ass e bësse méi wéi zwou Wochen hier, datt de Budo Michelange a Kanada ukomm ass, nodeems hie véier Joer an den USA gelieft huet. Hien ass ee vu villen Haitianer, déi déi lescht Wochen aus den USA illegal a Kanada komm sinn, fir eng Demande op Asyl ze stellen. De Grond fir hie war den amerikanesche President Donald Trump. "Hie wëllt Leit, déi keng Pabeieren hunn, fortschécken."
Iwwer zwee Drëttel vun den dausenden Asyldemandeuren, déi zënter e puer Wochen a Kanada ukommen, si vun Haiti. Dem Donald Trump seng Administratioun huet rezent annoncéiert, datt si de provisoresche Statut, deen d'Haitianer nom schroen Äerdbiewen op der Insel am Joer 2010 kritt hunn, am Januar 2018 net méi géif erneieren.
Dat huet bei den 58.000 Haitianer an den USA Panik ausgeléist, sou de Mathieu Eugene, Member vum Gemengerot zu New York. Hien ass ee vun deenen, déi sech deemools fir dee spezielle Statut agesat hunn. Déi concernéiert Leit hätten ee Bréif kritt, dee si opfuerdert, sech virzebereeden, fir zréck op Haiti ze goen. Dës Leit géifen zënter Joren an den USA liewen a schaffen an hätte Kanner. Si wieren elo an enger ganz ongewësser Situatioun.
Grouss Hoffnungen
Iwwer déi lescht Wochen ass d'Zuel vun deenen, déi illegal d'Grenz passéiere besonnesch am Québec staark geklommen. Nodeems am Juli knapps 3.000 Leit gezielt goufen, waren et an deenen éischten zwou Woche vum August schonn 3700. Dat huet déi kanadesch Autoritéiten därmoossen iwwerrascht, datt si Zelter op der Grenz hu missten opriichten, fir déi vill Asyldemandeure provisoresch ze logéieren.
Net alleguer vun deenen, déi den Trajet woen, hunn allerdéngs eng realistesch Virstellung vu Kanada, erkläert d'Chantal Ismé, Vizepresidentin vun der Maison d'Haiti zu Montreal, eng gemeinschaftlech Organisatioun, déi haitianesch Immigrante bei der Integratioun begleet. Si schwätzt vun enger grousser Desinformatioun. Virun allem op de soziale Medie géif Kanada als oppent Land duergestallt ginn, dat jidderee géif ophuelen, dee virun der Trump-Administratioun géif fortlafen. Schonn op der Grenz géifen de Leit hir grouss Hoffnungen zerstéiert ginn.
Déi offiziell Oppositiounspartei am Québec behaapt, datt de kanadesche Premier Justin Trudeau Schold un der Verbreedung vun dëser idealiséierter Visioun ass, well hien am Januar an engem staark mediatiséierten Tweet gesot huet, datt d'Kanadier alleguerten d'Leit, déi virun Terror a Krich fortlafe géingen, wëllkomm heeschen.
Laang Waardezäiten
D'Realitéit vum kanadeschen Immigratiounssystem ass allerdéngs eng aner. Leit déi illegal iwwert d'Grenz kommen, ginn nämlech genee wéi all déi aner Asyldemandeure behandelt, an nëmme ronn d'Halschent vun hinne ginn an der Moyenne acceptéiert, erkläert de Stephane Reichhold, Generaldirekter vun der Table de concertation des organismes au service des personnes réfugiées et immigrantes. Dat ass een Zesummeschloss vu ronn 100 Organisatiounen am Québec, déi sech fir d'Rechter vun den Immigranten a Flüchtlingen asetzen.
Dobäi kënnt, datt d'Delaie fir d'Asyldemanden ze traitéieren ëmmer méi laang ginn, sou de Stephane Reichhold. Well d'Regierung net genuch Ressourcen zur Verfügung géif stellen, géif et bei den Administratioune stauen. "Wa si keng weider Ressourcë bereetstellen, riskéieren d'Delaien op ee bis zwee Joer Waardezäit ze klammen."
Moyene fir e wierdegt Liewen
Déi kanadesch Regierung wëllt den Ament nach net vun enger Kris schwätzen a probéiert d'Populatioun ëmmer nees ze berouegen, andeems si seet, datt Kanada déi néideg Moyenen huet fir mat der Hausse vun Asyldemandeuren eens ze ginn.
De Mathieu Eugene mengt allerdéngs, datt et wichteg ass, fir déi richteg Informatiounen iwwert de kanadeschen Immigratiounssystem an den haitianesche Communautéiten an den USA ze verbreeden.
D'Chantal Ismé vun der Maison d'Haiti mengt hirersäits, datt d'Prioritéit elo ass, fir de Leit, déi a Kanada ukommen, déi néideg Moyenen ze ginn, fir ee wierdegt Liewe kennen ze feieren. Nëmmen esou kéinten d'Asyldemandeuren eppes Positives aus hirer Zäit a Kanada maachen, onofhängeg dovun, ob si schlussendlech am Land däerfe bleiwen oder net.