Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Halbzeitbilanz. Oder: Wéi ee sech selwer belitt.

Chronik

Halbzeitbilanz. Oder: Wéi ee sech selwer belitt.

Déi däitsch Regierung bewäert sech an hirer Halbzeitbilanz selwer. Natierlech positiv. Domat gëtt et zwee Problemer: Éischtens kennt vum tatsächlechen Erfolleg näischt bei der Populatioun un. An zweetens ass dat, wat d'GroKo en Erfolleg nennt, a ville Fäll net wierklech dat.

auto_stories

3 min

De Matthias ass eise Korrespondent zu Berlin. Foto: Archiv

De Problem, wann ee sech selwer bewäerte muss, ass jo deen: Et tendéiert een dozou, sech selwer ze beléien. Dat ass an zimlech all Liewenssituatioun esou. Kann et also sinn, datt déi däitsch Bundesregierung sech an hirer eegener Zensur no der hallwer Legislaturperiod net selwer belitt?

D'Äntwert ass relativ einfach: Nee, dat kann net sinn. Well wann d'Grouss Koalitioun vun Unioun an SPD seet, si wier mat hirer Aarbecht zefridden an et hätt ee scho richteg vill aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat - dann ass dat faktesch vläicht net 100-prozenteg falsch. Mee da verbuchen d'Regierungsparteien zum Beispill hiert Klimapaket als Erfolleg. Esouvill zum Thema sech selwer beléien.

Falsche Fokus

Zur Wourecht gehéiert natierlech, datt d'GroKo ronn 60 Prozent vun hire Projeten aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat huet. Mee et sinn net déi wichteg, net déi prägnant Themen. A sou kënnt dëse Fläiss net bei de Leit un. D'Regierung gehéiert zu den onbeléiftste Regierungen an der däitscher Geschicht, d'Zoustëmmungswäerter vu praktesch alle Regierungsmembere falen ëmmer méi déif an de Keller. Souguer d'Angela Merkel, virun nach net all ze laanger Zäit quasi immun géint schlecht Zoustëmmungswäerter, ass op Plaz véier am Beléiftheetsranking gefall.

A besser dierften dës Wäerter no der Hallefzäitbilanz och net ginn. Well och dat gehéiert dozou, wann ee sech selwer bewäert an sech e bësse besser duerstellt, wéi et wierklech ass: D'Leit hunn Tendenz, dat ze mierken.

Bei der Presentatioun vun hirer Hallefzäitbilanz hunn d'Spëtze vun CDU, CSU an SPD mat allem Effort probéiert, wéi eng Equipe opzetrieden. Mee domat kënne se einfach kee méi iwwerzeegen - net no zwee Joer permanentem Hin- an Hier, no Streidereie bis hin zu Punkt vun der Regierungskris.

Ass de "point of no return" iwwerschratt?

Datt déi däitsch Regierungsparteien ze déif drastiechen, hëlt dëser Hallefzäitbilanz och sämtlech Seriositéit. Wéi den deemolegen SPD-Chef Martin Schulz virun zwee Joer an de Koalitiounsaccord schreiwe gelooss huet, datt een an der Hallschent vun der Legislaturperiod géif Bilanz zéien - an am Fall wou, d'Regierung nees géif verloossen, hat dat een Zweck: Eng Majoritéit bei den SPD-Membere kréien, déi um Parteidag doriwwer decidéiert hunn, op d'SPD géif an d'Regierung goen oder net.

Et war e Verspriechen. Et war e Verspriechen, wat sot: Mir loossen eis net nach eng Kéier kréien. An et wier u sech elo de Moment fir d'SPD, fir ze soen: Dat hei mécht kee Sënn. Mee do kennt leider d'politesch Realitéit an d'Spill. Well weder fir d'SPD nach fir d'Unioun mécht et Sënn, dës Regierung elo ze verloossen. Neiwahle géife bedeiten: Zweestelleg Wahlnidderlag, e puer Dosen Deputéiert manner.

Also ass et méi einfach, sech ze beléien. Sech anzerieden: Esou schlecht leeft et jo guer net!

Et kéint een natierlech och soen: Vill méi schlecht kann et jo u sech och net méi ginn.