Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hallschent vu Moolzechten a Lycéeskantinnen ass vegetaresch oder vegan

Iessgewunnechten

Hallschent vu Moolzechten a Lycéeskantinnen ass vegetaresch oder vegan

Bal 50 Prozent vun de Moolzechten, déi Schüler:innen an de Lycéeskantinnen iessen, sinn entweder vegan oder vegetaresch. Mam Programm "Food For Future" gouf et ee grousse Wiessel an de Gewunnechte vun de Schüler:innen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An de leschte Jore louch de Prozentsaz un vegetareschen oder vegane Moolzechten an de Schoulkantinne bei just 10 Prozent.

Elo iessen d'Hallschent vun den 19.000 Schüler:innen, déi am Duerchschnëtt all Dag an d'Kantin ginn, eng Moolzecht ouni Fleesch oder Fësch.

Ugefaangen huet dat Ganzt mat Food For Future, seet d'Monique Ludovicy Chef vu Restopolis am 100,7-Interview. Hei hätt ee sech virgeholl d'Offer unzepassen.

D'Käch:innen op der Plaz wieren och forméiert gi fir déi vegetaresch a vegan Platen esou gutt wéi méiglech ze kachen.

Pilotprojet huet Succès

An engem Pilotprojet hunn dräi Lycéeën um Geesseknäppchen de Veggie-Monday agefouert, an dat mat Succès, seet d'Monique Ludovicy.

De Projet gëtt deemno an deenen dräi Schoule weidergefouert. Aner Lycéeën, déi um Projet interesséiert sinn, kënne sech da mellen an och bei sech de Veggie-Monday bei sech aféieren.

Bio a regional

Vegetarescht Iessen ass méi nohalteg, mee och beim Akafe gëtt op d'Nohaltegkeet an op lokal Liewensmëttel gesat.

60 Prozent vun de Produiten an de Lycéeskantinne kommen aus Lëtzebuerg, 13 Prozent si lokal Bioproduiten.

Sozial Mesure: Gratis Moolzecht fir Schüler:innen

Zanter der leschter Rentrée komme wéinst neie soziale Moossname méi Schüler:innen an de Genoss vun enger gratisser Moolzecht pro Dag

Vun 2.000 Schüler bis virun der Rentrée wieren et elo 8.000 Schüler déi gratis am Lycée kënnen iessen.

Virum 31. Oktober kënne Schüler:inne ugemellt gi fir vun dëser gratisser Moolzecht ze profitéieren.