Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handwierkssecteur kritt d'Energiekris staark ze spieren

Chambre des Métiers - Konjunkturbericht

Handwierkssecteur kritt d'Energiekris staark ze spieren

D'Handwierksbetriber hunn den Ament mat villen Erausfuerderungen ze kämpfen an d'Zukunftsängschte wiere grouss, heescht et am Konjunkturbericht fir dat véiert Trimester vum Joer vun der Chambre des Métiers. 1.200 vun ongeféier 8.000 Handwierksbetriber hu bei der Enquête matgemaach.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Energie- a Materialkäschte ware scho virum Ukrain-Krich staark geklommen, zanter Februar si se explodéiert.

Dobäi kommen ëmmer méi héich Lounkäschten: De leschte Previsioune vum Statec no, kéinten d'nächst Joer dräi weider Indextranchen ufalen, nodeem d'Salairen dëst Joer schonn zwee Mol geklomme sinn.

Manktem u qualifizéiertem Personal

Och privat hunn d'Leit ëmmer méi Schwieregkeeten, d'Enner beieneen ze kréien. Deementspriechend wieren d'Demanden no enger Salairesaugmentatioun geklommen. Wéinst dem akute Manktem u qualifizéiertem Personal géife vill Betriber méi an der Paye gi fir hir Leit ze fideliséieren an ze halen, erkläert de Chefekonomist vun der Chambre des Metiers, Norry Dondelinger.

Well een net genuch Leit zu Lëtzebuerg oder och an der Groussregioun géif fannen, plädéiert d'Handwierkammer dofir, fir Awunner aus Drëttstaaten den Zougank zum Lëtzebuerger Aarbechtsmarché ze vereinfachen.

Dozou seet den Norry Dondelinger awer och datt, wann ee Leit fënnt, déi wéilten op Lëtzebuerg kommen, de Wunnengsmarché e grousse Problem wier. Dofir misst ee kucken, fir d'Offer un abordabelem Wunnraum zu Lëtzebuerg an d'Luucht ze setzen, esou de Chefekonomist weider.

Situatioun a ville Secteuren ass onsécher

De Konstruktiounssecteur steet aktuell besonnesch ënner Drock, heescht et am Konjunkturbericht:

"Et kënnt hanne manner bäi wéi vir geschafft gëtt. Dat gesäit een och um Niveau vun de Bauautorisatiounen, dee Volume ass op de sechs éischte Méint vum Joer ëm 34 Prozent erofgaange wat de Logement ugeet, dat ass eng relativ staark Baisse. An da gesäit een och, wat nei Immobiliekreditter ugeet, datt déi op den dräi éischten Trimesteren erofginn."

Am Secteur vun der Alimentatioun géifen d'Patronen eng Stagnatioun fir dëst véiert Trimester virausgesinn, dat normalerweis zu engem vun den Héichpunkte vum Joer gëllt. Och an der Mécanique an am MHS-Secteur sinn d'Zukunftsperspektiven onsécher.

Eenzeg de Secteur vun der Kommunikatioun verzeechent eng positiv Entwécklung a läit um Niveau vun 2009. D'Handwierkerkammer fuerdert vun der Regierung, datt si der Wirtschaft de Réck stäipt, an datt déi ëffentlech Investitiounen héich bleiwen, fir de Manktem u privaten Investissementer auszegläichen.