D'Myriam Tonelotto, déi den Dokumentardeel realiséiert huet, hat beklot, datt alles, wat Lëtzebuerg an e positiivt Liicht geréckelt huet, aus hirer Versioun erausgeschnidde gouf. Dat wier esou net geplangt gewiescht, seet si. Dee Reproche kann de Julien Becker net novollzéien.
Et géif hien traureg maachen, well de Film aus senger Siicht just de Contraire ass. De Film wéilt op eng Problematik hiweisen, déi Lëtzebuerg kéint schueden.
"An ech verstinn net, wéi een dat ka soen, ech hätt zougelooss datt ARTE e Film doraus gemaach hätt, dee géint Lëtzebuerg wär. Si hunn de Montage net gemaach. Dat funktionéiert net esou. De Montage ass bei eis bliwwen."
De Julien Becker seet, hien hätt gär op déi Polemik verzicht, déi elo lassgetrëppelt gi wier.
"An Zéro" gëtt iwweregens den 21. Abrëll op ARTE gewisen.