Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nikki Ninja - Eureka

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hausaufgabenhëllef: Surveillance oder Entlaaschtung?

Educatioun

Hausaufgabenhëllef: Surveillance oder Entlaaschtung?

Vun der Rentrée u solle Kanner an de Maison-relaisen Hausaufgabenhëllef ugebuede kréien. D'Martine Hansen kritiséiert, dat wier just eng Surveillance.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / dikushin

D'Martine Hansen mengt, datt déi geplangt Hausaufgabenhëllef net preparéiert wier. Den Educatiounsminister Claude Meisch géif sech elo eréischt Gedanken ëm déi néideg Formatioune fir d'Léierpersonal maachen - ze spéit fir d'CSV.

D'Reaktioun vun der Martine Hansenplay_arrow

D'Hausaufgabenhëllef wier iwwer de Knéi gebrach, och de Rôle vun den Educateure wier net kloer definéiert.

"Fir mech ass d'Kuerzfaassung Schaumschléierei, dat ass keng Hëllef, mee dat ass eng Surveillance."

D'Martine Hansen bezweiwelt, datt domat deene Kanner gehollef ass, déi doheem keng Hëllef kréie kënnen.

Gilles Baum: Kanner an Elteren entlaaschten

De Gilles Baum, Deputéierte vun der DP, widdersprécht: d'Kanner géife léieren, selbststänneg hir Hausaufgaben ze maachen. D'Kanner kéinten d'Educateure fir Hëllef froen, wa se eppes net verstanen hunn, mee d'Hausaufgabe géifen net verbessert ginn.

D'Reaktioun vum Gilles Baum lauschterenplay_arrow

Fir de Fraktiounschef vun der DP geet et och drëms d'Elteren ze entlaaschten, sou datt déi och Zäit hu sech ëm hir Kanner ze këmmeren "an net nach owes spéit mussen Hausaufgabe maachen".