Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Hello, How? And Hey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschaften: "Mir kënnen net bis Juli waarden"

Hausse vun den Energiepräisser

Gewerkschaften: "Mir kënnen net bis Juli waarden"

D'Decisiounen, déi virun aacht Deeg um Energiedësch geholl gi sinn, waren en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung, soen d'Gewerkschaften. Mee d'Entwécklung vun de Gas- a Pëtrols-Präisser an de leschten Deeg hätt gewisen, datt et domat net duergeet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


OGBL, LCGB a CGFP hate sech eng Deckelung vun den Energiepräisser gewënscht. Déi ass net komm. Dat wier anscheinend och méi liicht gefrot wéi ëmzesetzen, hätt d'Regierung behaapt, sou d'OGBL-Presidentin Nora Back.

Dofir misst een iwwer aner Kompensatiounen nodenken an dobäi net ëmmer nëmme just op d'Allocation de vie chère zréckgräifen, déi am Moment geholl géif ginn, fir villes ze kompenséieren:

"Dat geet wierklech net, datt een elo mat där souwisou scho vill ze niddreger Allocation de vie chère esouwuel d'Inflatioun wëllt kompenséieren, wéi awer och d'Energiepräisser an d'CO2-Steier. Dofir ass si wierklech ze geréng."

Dofir verlaangt den OGBL eng massiv Erhéijung vun där Allocatioun a wëllt och, datt méi Leit - wéi déi am Moment just zéng Prozent - an de Genoss dovu kënne kommen.

Diskussiounen iwwer de System vun den Indextranchen

Déi dräi Gewerkschaften si sech bewosst, datt déi héich Inflatioun an d'Indextranchen, déi dowéinst an engem séiere Rhythmus erfalen, nees zu enger Diskussioun iwwer dee Mechanismus wäerte féieren. De Romain Wolff vun der CGFP seet:

"Mir hunn am Moment deen normale System wat d'Indextranchen ubelaangt. Dat heescht, et gëtt keng Limitatioun wou gesot gëtt, et misst ee Joer dertëschent sinn. Esou datt mir dovun ausginn, datt d'Regierung och dee Wee geet, an datt déi Indextranchë wierklech och ausbezuelt ginn."

A wann et der dräi sinn an engem Joer, da wieren et der eben dräi, seet de Romain Wolff.

Den LCGB-President Patrick Dury wéilt am léifsten op enger Tripartite iwwer den Index diskutéieren, fir ze kucken, wat een an der aktueller Situatioun op wat fir enge Plaze maache kéint - fir d'Inflatioun esouwäit et geet an de Grëff ze kréien: "An zwar kuerzfristeg. Mir kënnen net bis de Juli waarden."

Juli war u sech den Datum, deen d'Regierung de Sozialpartner am Dezember fir eng nächst Tripartite an Aussiicht gestallt hat.