Hausse vun der Grondsteier Gemeng Dikrech kritt Onrecht virum Verwaltungsgeriicht

D'Gemeng Dikrech krut Onrecht um Verwaltungsgeriicht am Fall vun der Hausse vun der Grondsteier op eidelstoend Terrainen. Dat sot eis den Affekot vun de Kläger, de Jean-Marie Bauler. Den aktuellen Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill sot op eis Nofro hin, datt hien d'Urteel nach net analyséiert hätt an dofir och nach net wéilt kommentéieren.

Maxi Pesch / jod

Exklusiv D'Vu op Dikrech vum Härebierg aus

Lauschteren


Viru knapp dräi Joer hat den Dikrecher Gemengerot, mat als deemolege Buergermeeschter Claude Haagen, eestëmmeg decidéiert, d'Grondsteier op eidelstoend Terrainen ze verzwanzegfachen. Den Inneministère hat dat validéiert. Doropshin hate 15 Besëtzer 2021 géint d'Gemeng um Verwaltungsgeriicht geklot.

Si kruten elo Recht sot eis hiren Affekot, de Maitre Jean-Marie Bauler. D'Argument wat hiren Affekot an der Affär benotzt hat war ënnert anerem, datt d'Bierger vun der Gemeng Dikrech am Verglach zu de Bierger vun den anere Gemengen diskriminéiert géife ginn.

"Et war Diskriminatioun, herno huet sech och erausgestallt, datt si déi Sue wollten huele fir aner Saachen ze maachen. Well d'Keese sinn zu Dikrech wéinst der Pandemie eidel anscheinend. An den Droit fiscal ass en techneschen Droit, dat geet net. Dir kënnt net als Firma soen: 'Ech maachen deen Apport a kréie Suen eran a finanzéieren dann aner Saachen'."

Den aktuellen Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill sot op eis Nofro hin, datt hien d'Urteel nach net analyséiert hätt an dofir och nach net wéilt kommentéieren.

D'Inneministesch Taina Bofferding sot eis, datt Si net wéilt an Appell goen.

Méi zum Thema

Asselborn Massard Hansen Riicht Eraus
Riicht Eraus

Net all d'Instrumenter fir d'Schafe vu Wunnraum si wierklech nëtzlech, fannen d'Buergermeeschterinne vu Suessem, Sandweiler a Bettenduerf. A beim Virkafsrecht ginn et dacks juristesch Schwieregkeeten.

Leners Rommes Riicht Eraus
Steiergerechtegkeet

Niddreg Steieren op Immobilien erhéijen d'Wunnengspräisser - doranner sinn de Keith O'Donnell (Atoz), de Jean-Jacques Rommes (CES) an de Max Leners (Fondation Robert Krieps) sech eens.

Logement
Logement

D'Grondsteier an der Stad gëtt net eropgesat. Déi entspriechend Motioun, déi vun der Majoritéit vun den Oppositiounsmemberen am Gemengerot abruecht gouf, ass net ugeholl ginn.

Tom Becker
Logement zu Lëtzebuerg

De Geograph Tom Becker vermësst eng iwwergräifend Strategie fir de Logementsproblem ze léisen. De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg seet, et wier wichteg, datt de Staat, d'Gemengen an déi privat Acteure sech besser berode loossen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen