De Large-Scale-Testing soll de 25. Mee ufänken a bis den 28. Juli lafen. Heifir ginn am Ganze 27 Drive-in-Statiounen, zwou Walk-and-Bike-Statiounen an eng Walk-through-Statioun opgemaach. Getest gëtt op fräiwëlleger Basis a Betraffener kréien eng Invitatioun per Post geschéckt.
De Méindeg (haut) fänken déi éischt Tester un. Déi éischt, déi solle getest gi si Coifferen a Personal aus der Kannerbetreiung. Mee och de Bausecteur soll dës Woch eng drëtte Kéier getest ginn. Den 1. Juni geet de Large-Scale-Testing da mam Fleegepersonal a Personal vu Police, Prisongen an Apdikte virun. Och Schüler aus der Grondschoul, Léierpersonal a Leit aus dem Industrie- a Commercesecteur kréie vum 1. Juni un d'Méiglechkeet sech op den neie Coronavirus ze testen.
Lëtzebuerger Bierger a Frontaliere goufen heifir an dräi representativ Gruppen agedeelt:
- Grupp 1: Leit, déi berufflech engem héije Risiko ausgesat sinn, zum Beispill d'Personal aus de Spideeler oder dem Enseignement.
- Grupp 2: Déi zweet Grupp si Leit, déi schonn zeréck op d'Aarbecht gaange sinn, oder deemnächst erëm schaffe ginn.
- Grupp 3: Representativ Stéchprouwen an der ganzer Populatioun
D'PCR-Tester, déi d'Regierung benotzt, wiere verbessert ginn. Deemno kéint och bei asymptomatesche Leit de Virus nogewise ginn. Den Héichschoulminister Claude Meisch betount, datt de Large-Scale-Testing dozou bäidroe soll, datt eng zweet Well evitéiert gëtt.