Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heeschverbuet léist de Problem net

Stëmm vun der Stross

Heeschverbuet léist de Problem net

D'Stëmm vun der Strooss kritiséiert d'Heeschverbuet, dat gëschter Mëtteg vum Stater Gemengerot ugeholl gouf, staark. Datt vu Méindes bis Sonndes vu siwen Auer moies bis zéng Auer owes op ville Plazen an der Stad d'Heesche verbuede géif de Problem net léisen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Et wéilt een hei just d'Spëtzt vum Äisbierg verstoppen a maachen, wéi wann do drënner näischt weider wier. Dofir misst een de Problem vill méi un der Wuerzel upaken. Wéi och bei der Prostitutioun an den Drogen, wier dat d'Aarmut.

D'Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss, ass iwwerzeegt, datt, andeems déi betraffe Persoune verjot ginn, de Problem bestoe bleift an net laangfristeg geléist gëtt. Si géifen nëmmen an aner Quartiere goen an och erëm zeréck kommen.

Mesure muss approuvéiert ginn

Fir d'Alexandra Oxacelay stellen sech och nach vill Froen iwwer déi konkret Ëmsetzung vun deem neie Reglement a wéini et a Kraaft trëtt. Op Nofro hin huet de Stater Schäffe Serge Wilmes erkläert, datt déi nei Mesure nach vun der Inneministesch muss approuvéiert ginn. Dofir huet si dräi Méint Zäit.

Sollt no dräi Méint keng Äntwert do sinn, gëllt de Gesetzestext automatesch als ugeholl. Wann den Accord bis do ass muss d'Reglement wärend dräi Deeg ausgehaange ginn, ier et dann a Kraaft trëtt. Vun do un wier et dann un der Police, méi Kontrollen duerchzeféieren.

Net einfach laanscht goen

D'Alexandra Oxacelay vun der Stëmm vun der Strooss bleift dobäi, datt ee mat dëser Mesure de Problem nëmmen ignoréiere géif. Si géif net verstoen, datt et Leit ginn, déi et stéiert, sans-abris'en op de Stroossen ze gesinn.

"Et kann een dach net einfach laanscht ee goen a soen dat do ass net normal an dat stéiert mech an da maachen ech d'An zou an ech hätt léiwer d'Stroosse wäre propper an ech hätt léiwer et wär alles schéin. Mir sinn awer net an enger Welt wou alles schéin ass."

Dem Alexandra Oxacelay no misst deemno méi op den Aarmutsproblem opmierksam gemaach ginn.