Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hei kann een Europa spieren"

Regioun Oberes Moseltal

"Hei kann een Europa spieren"

Bei der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht ass Lëtzebuerg ee Virreider - dat gesäit ee gutt op der Musel. Do schaffe Lëtzebuerg an Däitschland scho laang zesummen u gemeinsame Projeten, déi deels mat EU Gelder finanzéiert ginn. Fir d'Regioun Oberes Moseltal gëtt et en ambitiéist Entwécklungskonzept. A fir dat ëmzesetze gëtt et zanter kuerzem esou guer e Regionalmanager.

auto_stories

3 min

Knapp zou Minutten dauert den Trajet mat der Fär Sankta Maria II vu Waasserbëlleg op Oberbillig an Däitschland. Déi grenziwwerschreidend Fär gëtt et schonn zanter 1966.

Viru ronn dräi Joer gouf déi al Diesel-Fär vun der Elektro-Solar-Fär Maria II ersat. Et ass weltwäit déi éischt vollelektresch Autosfär fir Bannegewässer. Si gouf zum Deel mat EU-Sue finanzéiert a gëtt vu ville Leit laanscht d'Musel benotzt: et misst een net méi mam Auto ronderëm fueren an et wier ee méi séier op der Aarbecht, zielt eng Fra.

Op der Fär ass Plaz fir sechs Autoen a 45 Persounen. De Färmann, Dieter Feldmann, seet a Corona-Zäite géifen zwar e bësse manner Leit d'Fär huelen. An normalen Zäite géifen eng 300 bis 350 Leit d'Fär huelen. "Die Fähre ist ein richtiger Meilensteil hier in der Region."

Grenziwwerschreidend Landesplanung

"Europa ist auch spürbar", fënnt sengersäits den neie Regionalmanager vum Entwicklungskonzept Oberes Moseltal (EOM). Dësen neie Poste gouf eréischt viru kuerzem geschaf a soll dem deem Entwécklunskonzept Oberes Moseltal, wat schon zanter 2013 existéiert, neie Schwong ginn.

D'Zil vun der EOM ass et op d'Bedürfnisser vun de lokalen Acteuren anzegoen, an datt d'Landesplanung net nëmmen eng Top-down wier, mee och Bottom-Up.

Am LEADER-Programm vun der EU si Regioune festgeluecht, an deenen am ländleche Raum Projete mat lokalen Acteuren entwéckelt ginn. Dës Projete gi mat EU-Suen ënnerstëtzt a sollen de Regiounen hëllefen, sech nohalteg ze entwéckelen. Gläichzäiteg sollen d'Kulturlandschaften an d'Ëmwelt erhale ginn.

Sech openeen ofstëmmen

Dem Martin Güdelhöfer säi Büro ass zu Gréiwemaacher beim Leader-Aktiounsgrupp Miselerland (LAG), wat hei enk mam LAG Mëllerdall an, op däitscher Säit, mam Leader Programm Moselfranken a Rheinland-Pfalz zesummeschafft. Déi Lëtzebuergesch an däitsche LEADER-Programmer si souguer matenee verknäppt

Fir d'Entwécklungskonzept Oberes Moseltal goufe scho viru Joren 12 Impulsprojeten a verschiddene Beräicher definéiert - beispillsweis am Tourismus oder bei der Mobilitéit. Den Trafic ass eng grouss Erausfuerderung an der Regioun, seet de Martin Güdelhöfer. Dofir wëllt d'EOM multimodal Hubs installéieren, datt een einfach vum Auto op Bus oder Zuch ëmklamme kann.

Als Regionalmanager gesäit de Martin Güdelhöfer seng Roll och doranner, déi d'Regulatiounen an Approchen op béide Säite vun der Musel besser ze synchroniséieren. Dacks géif et nämlech e "Kirchturmdenken" an der Regioun ginn, well jiddwereen op sech selwer kuckt.

Grenzkontrollen

Déi et virun net laanger Zäit erëm Grenzkontrolle gouf, wiere vill Gemengen an der Grenzregioun schockéiert gewiescht, zielt de Martin Güdelhöfer. "Was wir hier jeden Tag haben, ist gelebte Nachbarschaft." D'Grenz u sech géif ee guer net méi richteg wouerhuelen, et géif ee véier bis fënnef mol den Dag iwwer se goen.

D'Decisioun, erëm Grenzkontrollen anzeféieren, wier eesäiteg vun Däitschland geholl ginn. D'Leit aus der Regioun hätte sech virun de Kapp gestouss gefillt, seet de Martin Güdelhöfer.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.