Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich CO2-Emissioune vun SUVen

Ëmwelt

Héich CO2-Emissioune vun SUVen

De Stroosseverkéier ass zu Lëtzebuerg dee Beräich, deen am meeschten zu den Emissioune vum Land bäidréit. Vun den EU-wäiten Ziler, Autoe mat manner CO2-Ausstouss ze verkafen, wier een nach wäit ewech, seet déi Bréisseler ONG Transport et Environnement.

auto_stories

4 min

Bis 2021 huet sech d'EU d'Zil gesat, datt Autoen, déi nei kaf ginn, am Schnëtt net méi wéi 95 Gramm CO2 de Kilometer verbrauchen. Wann ee sech déi aktuell Zuele bei de Ventë vun neien Autoen ukuckt, da géif ee feststellen, datt een nach wäit dovu fort wier, seet den Ingenieur Florent Grelier, deen als Expert fir Transport et Environnement schafft. Dat géif un de Produzente leien, déi net genuch gemaach hätten, mengt hien.

Vill Emissioune vun SUVen

Ee wichtegen Aspekt wier d'Explosioun un de Verkeef vun SUVen: Vun 2013 bis 2018 hu sech d'Zuel vun de Verkeef vun neien SUVe verduebelt: an der EU louch den Taux vun den neien SUVe bei 36 Prozent - zu Lëtzebuerg war en d'lescht Joer souguer op 41 Prozent.

Am Schnëtt verursaacht en SUV 14 Prozent méi CO2-Emissioune wéi e vergläichbaren Auto, seet de Florent Grelier. "Et ass einfach Physik. Déi Gefierer stousse méi CO2 aus, well se méi déck sinn, méi schwéier a manner aerodynamesch. Dat heescht, mathematesch sinn dat Gefierer, déi net wierklech nohalteg kënne sinn."

Dem Florent Grelier no wier dës Hausse bei de Verkeef vu SUVen net eleng op d'Konsumenten zeréckzeféieren. D'Autoshiersteller hätten d'SUVe bewosst promouvéiert, well hei hir Profitmarge méi héich wier.

Dieselskandal: Nach vill Gefierer ënnerwee

Eng aner Etüd vun Transport et Environnement befaasst sech mat Dieselautoen, déi net konform mat den Ofgasnorme wieren. Och véier Joer nodeems bekannt gouf, datt eng Rei Hiersteller gefuddelt hunn an hir Dieselautoe vill méi verbrauchen, wéi offiziell gesot war, wieren nach ëmmer vill där Gefierer ënnerwee.

Hir Zuel wier der Bréisseler ONG no souguer geklommen. Si schätzen d'Zuel vun den Dieselautoen, déi dräimol méi Stéckstoff produzéiere wéi erlaabt, op 51 Milliounen an der EU. Transport et Environnement schätzt, datt 248.000 där Gefierer zu Lëtzebuerg ënnerwee wieren. 2016 hätt een déi Zuel nach op 135.000 geschat: et wier also eng däitlech Hausse vu knaschtegen Dieselautoe festzestellen, esou de Florent Grelier.

De Skandal ëm d'Dieselautoe wier also nach laang net eriwwer. D'Autoshiersteller géifen engersäits nach ëmmer knaschteg Diesele bauen, mee d'Autoritéite géifen och näischt dogéint maachen. "Dat ass och ee Skandal!", mengt de Florent Grelier.

Diesel gëtt bevirdeelegt

De Lëtzebuerger Michel Cames beschäftegt sech zanter gutt 15 Joer mat der Thematik a steet a Kontakt mat der Bréisseler ONG. Obwuel mëttlerweil bekannt wier, datt den Diesel méi ëmweltschiedlech ass wéi de Bensin, wier den Diesel steierlech dacks nach ëmmer bevirdeelegt - och zu Lëtzebuerg. De Konsument misst 15 Cent méi um Bensin bezuele par Rapport zum Diesel. Dat wier komplett onlogesch an irrational, seet de Michel Cames.

Am europäesche Verglach wieren Diesel a Bensin hei am Land immens bëlleg a wéineg besteiert. Am Mee waren d'Accisen op de Liter Bensin ëm ee Cent eropgaangen a beim Diesel ëm zwee Cent. Do virdru wier d'Héicht vun den Accise relativ konstant bliwwen, esou de Michel Cames. An och hei kënnt nees eng Etüd vun der ONG Transport et Environnement an d'Spill: géif een d'Inflatioun mat aberechnen, da wieren d'Taxen - also Accisen an TVA - op de Bensin an Diesel an de leschten zéng Joer esouguer gefall.

A realen Terme gekuckt géif een deemno haut manner Taxen op Diesel a Bensin bezuelen, wéi nach virun e puer Joer. Och mat der Erhéijung vun den Accisen am Mee, wier een nach ëmmer wäit vun de Präisser am Ausland fort, esou de Michel Cames.