Radioen

On air

Concert  |  E Wiener Dreemert um Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Energiepräisser: déi gréng fuerdere finanziell Hëllef

Staatlech Hëllefen

Héich Energiepräisser: déi gréng fuerdere finanziell Hëllef

Déi Gréng fuerderen, datt d'Séit wéinst den héijen Energiepräisser direkt nach eng Kéier vum Staat gehollef kréien. D'Koalitiounspartner wëlle virun den Tripartite-Gespréicher awer keng nei Mesuren decidéieren.

auto_stories

3 min

Déi Gréng fuerderen eng finanziell Direkthëllef fir d'Stéit, nach éier d'Gaspräisser am Oktober gehéicht ginn. Déi Direkthëllef misst nach virun den Tripartite-Gespréicher am Hierscht decidéiert ginn, esou de CO-Parteipresident Meris Sehovic virun der Press.

"Mir sinn eis der Urgence bewosst a mir wëllen eis dofir asetzen, datt mir Biergerinnen a Bierger mat klengen a mëttlere Revenuen elo ganz séier bei den Heiz- a Stroumkäschte weider finanziell ënnerstëtzen. Mir brauchen eng ugemoossen, geziilte finanziell direkt Hëllef."

De Co-Parteipresident vun déi Gréng huet sech de Moien nach net festgeluecht, wéi héich déi Hëllef genee soll sinn, a wéi eng Stéit se solle kréien.

Eng Gréisstenuerdung huet de Meris Sehovic awer genannt: déi Gréng wieren der Meenung, datt Leit mat engem Bruttogehalt vu bis zu 80.000 Euro am Joer missten eng Entlaaschtung kréien.

DP: Regierung soll net aus der Hëft schéissen

De Virstouss vun der grénger Parteispëtzt stéisst awer op Kritik bei deenen zwou anere Regierungsparteien DP an LSAP. Den DP-Fraktiounschef sot eis, seng Partei wier zwar och der Meenung, datt d'Stéit finanziell nach méi staark missten ënnerstëtzt ginn.

De Gilles Baum betount awer, d'Regierung soll net aus der Hëft schéissen, mee d'Tripartite-Gespréicher ofwaarden, éier se nei Mesuren decidéiert:

"Ech denken, datt mir wierklech gutt dru maachen, wa mer ee Gesamtpackage herno um Dësch leien hunn, deen och vun de Sozialpartner matgedroe gëtt."

LSAP: Tripartite ofwaarden

Och den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten ass dogéint schonn nei Mesuren ze decidéieren, éier d'Regierung am Hierscht an der Tripartite mat de Sozialpartner zesumme kennt.

Et géif näischt brénge scho virun deene Gespréicher ëffentlech iwwer eenzel Mesuren ze diskutéieren, esou den Yves Cruchten.

Datt déi Gréng dat haut awer gemaach hunn, géif awer net bedeiten, datt et gréisser Meenungsverschiddenheeten tëscht de Regierungsparteie gëtt.

"Ech gesinn hei lo wierklech kee Problem tëschent de Parteien. Mir si bëssen an engem Summerlach, jiddweree muss sech e bëssen outen, ech hu jo och Versteesdemech dofir, mee kommt mir loossen d'Tripartite hir Aarbecht maachen, et ass do wou déi Saache sollen diskutéiert ginn."

E geneeën Datum fir déi Tripartite-Gespréicher tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschafte gëtt et am Moment nach net.

Fir déi Dräierronn ze preparéieren huet d'Regierung d'Patronat an d'Gewerkschaften an zwou Wochen nach eng Kéier fir Eenzelgespréicher invitéiert.