Héich Energiepräisser Héich Energiepräisser: Virschléi vun der Oppositioun

D'Oppositiounsparteie proposéieren Mesurë fir den héijen Energiepräisser entgéint ze wierken.

Cyrille Hill / cbi

Heizung
Symbolbild. Foto: Bigstock / Vladimka

Lauschteren


D'Piratepartei schléit zum Beispill eng Primm vir, déi un den CO2-Ausstouss gekoppelt ass.

Et géif een zanter sechs Méint esou ee Klimabonus fuerderen - ouni Erfolleg, seet de Marc Goergen am 100,7-Interview. All Stot soll 100 bis 150 Euro de Mount vum Staat kréien, erkläert den Deputéierte vun der Piratepartei.

Wie méi CO2 ausstéisst, soll manner Bonus kréien, esou d'Propositioun vun de Piraten.

Déi Lénk: 200 Euro Energiegeld

Déi Lenk waarden eegenen Aussoen no gespaant op d'Mesurë vun der Regierung a fuerdere selwer eng Energieprimm. Dës Zomm sollt een iwwer d'Steiererklärung zeréckkréien, erkläert d'Myriam Cecchetti:

"Mir als déi Lenk hu scho viru Méint gesot, et sollt een de Leit pro Mound 200 Euro Energiegeld ginn, dat wier eng direkt Hëllef fir déi Leit déi et néideg hunn"

CSV: Ënnerstëtzung och fir d'Mëttelschicht

Der CSV ass et wichteg, datt och d'Mëttelschicht eng staatlech Ënnerstëtzung kritt, an net just déi mat nidderegem Revenu, esou de Co-Fraktiounschef Gilles Roth.

Den CSV-Modell fir eng Energieprimm wier esou ausgeluecht, datt och eng Famill mat zwee Kanner, déi en Akommes vu bis zu 8.000 Euro hunn, eemol d'Joer eng Energieprime kréien.

ADR: Méi Gas aus Russland ass "méiglech"

Den ADR-Deputéierte Fred Keup mengt, et géife "Méiglechkeete" ginn, nees méi Gas aus Russland ze kréien. Wéi an zu wéi enge Konditiounen, seet hien net.

D'Majoritéitsfraktiounen hale sech iwwerdeems nach bedeckt mat Léisungsvirschléi. Si verweisen op d'Tripartite, an där d'Regierung mat de Gewerkschaften a mam Patronat staatlech Mesuren decidéiere wëllt.

Méi zum Thema

Erik von Scholz
Preparatioune fir de Wanter

De Gaspräis geet am Hierscht ëm 77 Prozent an d'Luucht, seet den Enovos-Direkter Erik von Scholz. Hie schléisst net aus, datt d'Präisser nach eng Kéier an d'Luucht ginn - dat géif vum Verbrauch ofhänken.

Patrick Dury
Präisdeierecht

An der nächster Tripartite kéint op ënnerschiddlechen Inflatiounszenarie geschafft ginn, huet de Patrick Dury duerchblécke gelooss. Et kéint deemno sinn, datt verschidde Léisungen ausgehandelt ginn.

Claude Turmes
Energiespuerpläng vun der Regierung

Fir Energie ze spuere sollen d'Gemengen a staatlech Gebaier zu Lëtzebuerg am Wanter op maximal 20 Grad gehëtzt ginn. Dat seet den Energieminister Claude Turmes am 100,7 Interview.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen