Radioen

On air

De Moien  |  Neil Diamond - Cherry, Cherry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Energiepräisser: Wéi soll d'Kaafkraaft vun de Stéit erhale ginn?

Debatt an der Chamber

Héich Energiepräisser: Wéi soll d'Kaafkraaft vun de Stéit erhale ginn?

Allgemeng war ee sech gëschter an der Chamber eens driwwer, datt de Staat soll déi zousätzlech TVA-Recetten, déi wéinst der Hausse vun den Energiepräisser entstinn, nees zeréck un d'Stéit ginn. De Sven Clement Deputéierte vun der Piratepartei huet déi Zomm ausgerechent. Hie schwätzt vun 100 Euro pro Stod pro Joer, eleng fir de Gas. Wann een et och nach fir de Brennes a fir de Petrol géif rechnen, géif ee feststallen, datt de Staat iwwerproportional vun de Praisshausse profitéiert hätt.

auto_stories

2 min

D'Hausse vun den Energipräisser huet d'Kafkraaft vun de Stéit impactéiert. Wéi de Staat dee Verloscht ka kompenséieren, doriwwer hunn d'Deputéiert an der Chamber diskutéiert.

D'Deckelung vun den Energiepräisser, fiskal Moossnamen oder nach eng forfaitaire Primm, sinn e puer Proposen déi d'Fraktioune gëschter gemaach hunn.

An enger Motioun hunn d'Majoritéitsparteien eng forfaitär Primm gefuerdert. D'Regierung géif dozou opgefuerdert ginn, fir d'Entwécklung vun den Energiepräisser an d'Risike Woch fir Woch ze verfollegen, sou den André Bauler vun der DP. D'Regierung soll och den Index bäibehalen, fir d'Kaafkraaft weider ze stäerken a se soll eng sozial cibléiert Aushëllef bezuelen.

CSV wëllt och d'Mëttelschicht stäerken

D'DP-Finanzministerin Yuriko Backes huet an der Chamber präziséiert datt si déi Propose ënnert d'Lupp hëlt an dozou ee Gesetzprojet wéilt ausschaffen. Si huet och un déi sëlleg Finanzhëllefen erënnert déi d'Regierung fir déi niddereg Revenuen an de leschte Méint deblockéiert huet. Ënnert anerem d'Hausse vun der Allocation de vie chère, de Gilles Roth vun der CSV fuerdert datt och Stéit aus der Mëttelschicht an de Genoss dovu kommen.

"Fir eng Famill vu 4 Leit, mat zwee Kanner an engem Akommes vu 4.400 Euro netto de Mount géif dat eng Entschiedegung vun 2.891 Euro bedeiten", sou de Gilles Roth.

Déi nächst Indextranche kéint schonn am Fréijoer erfalen

D'CSV proposéiert eng zäitlech limitéiert Deckelung vum Masuttspräis a vum Gastarif. Weider misst d'Kilometerpauschal progressiv ugepasst ginn, d'Kilometergeld an der Fonction publique misst op 0,4 Euro eropgesat ginn.

D'Finanzministerin huet wärend der Chambersitzung nach betount datt den Index ee Garant wier fir der Präishausse entgéintzewierken. Déi lescht Tranche ass am Oktober erfall, an déi nächst kéint schonn am Fréijoer fälleg sinn.