Radioen

On air

Simon Says  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir d'Entreprisë vun de Banken

Coronavirus

Hëllef fir d'Entreprisë vun de Banken

D'Banken hunn hir Business-Continuity-Pläng scho virun e puer Wochen declenchéiert, seet de President vun der ABBL, de Guy Hoffmann. De Verband vun de Banken a Banquiere schafft awer och un enger koordinéierter Äntwert op d'Schwieregkeeten, an déi d'Cliente wéinst der Epidemie vum neie Coronavirus kënne geroden.

auto_stories

2 min

Wéinst den Aschränkunge vum ëffentleche Liewen, an domat och der Ekonomie, signaliséieren ëmmer méi Entreprisen, datt et enk gëtt mat hiren Obligatioune vis-à-vis vun hirer Bank, seet de Guy Hoffmann, President vun der ABBL an Direkter vun der Raiffeisen. Dat wier zanter enger bis zwou Wochen de Fall, seet hien.

De Guy Hoffmann geet och dovunner aus, datt dat bei anere Banken och de Fall wäert sinn. Vill Entreprisë géifen net wëssen, wat fir eng Mesuren et vum Staat scho ginn.

Léisunge fir Cliente fannen

D'Banke géife mat hire Clienten am eenzelen no Solutioune sichen. D'ABBL wier amgaang sech mat de grousse Banken zesummenzesetzen an ze iwwerleeën, wéi een deenen Entreprisë ganz cibléiert kéint hëllefen, "besonnesch, wann déi Kris méi laang dauert", esou de Guy Hoffmann.

An Däitschland setzen d'Banken Entreprisë mat Liquiditéitsschwieregkeeten hir Prêten aus, déi staatlech Fërderbank gëtt Kreditter. D'Iwwerleeunge vun der ABBL wiere ganz änlech, "well et gi keng 100 verschidde Varianten", seet de Guy Hoffmann.

"Entreprisen, déi haut net kënne schaffen, déi kréien ee Probleem, entweder andeems se hir Mensualitéiten net gutt bezuelt kréien, hir Fraisen; oder awer Entreprisen, déi nach eng gewësse Mindestproduktioun hunn, déi e gewëssen Approvisionnement musse kënne finanzéieren."

D'ABBL wier amgaang sech mat de staatlechen Instanzen an dem Regulateur ofzeschwätzen, fir geziilt Moossname kënnen ze presentéieren. Et wier wichteg, datt e Mechanismus fonnt gëtt, mat deem den Entreprisë séier an onkomplizéiert gehollef kéint ginn. "Dat ass dat eenzegt, wat wichteg ass." Wann d'Entreprisen ze vill Zäit verléieren, "dat gëtt et fir si ganz schwéier".

Corona-Pandemie huet och en Impakt op Banken

Mee och d'Banke selwer sinn als Entreprisë vum Virus betraff. Si si vum Gesetz hir gezwongen, sougenannt Business Continuity Pläng prett ze hunn, fir datt d'Aktivitéit a Krisenzäite garantéiert ass.

Déi wieren zanter Wochen aktivéiert, seet de Guy Hoffmann, an zanter gëschter géifen déi meescht Banken hir Agencë just nach op Rendez-vous opmaachen.

"Wann dir haut een hutt an enger Agence, dee mat enger Persoun entweder a Verbindung ass oder och nëmmen de Verdacht besteet, jo da schécke mer quasi d'ganz Ekipp heem."

De Congé familial, dee wéinst der Corona-Pandemie accordéiert gëtt, géif dozou féieren, datt a ville Banken iwwer een Drëttel manner Personal ass, wéi dat virun zwou Wochen de Fall war. D'Cliente géifen awer mat Verständnis reagéieren, seet de Guy Hoffmann.