Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Kox: Ëffentlech Sécherheet eleng Aufgab vun der Police

Nom Virfall am Garer Quartier

Henri Kox: Ëffentlech Sécherheet eleng Aufgab vun der Police

Den Tëschefall vun e Samschdeg den Owend am Garer Quartier an der Stad suergt ëmmer nach fir vill Gespréich. De Méindeg am spéiden Nomëtteg huet d'Stater Buergermeeschtesch ausféierlech op deen Incident reagéiert, bei deem jo e Mann vun engem Hond, dee mat private Sécherheetsagenten ënnerwee war, gebass gouf.

auto_stories

2 min

De Policeminister wëllt sech zum eigentleche Virfall nach net äusseren, mee d'Enquête ofwaarden. Et wier geféierlech sech elo a Spekulatiounen ze beginn, sou den Henri Kox. Hie bleift awer dobäi, datt privat Sécherheetsdéngschter a sengen Aen näischt am ëffentleche Raum ze sichen hunn. Do fir Uerdnung ze suerge wier eleng d'Aufgab vun der Police.

Datt d'Stad Lëtzebuerg de Kontrakt mat der Firma G4S trotz deem Incident bis u säin Enn wëllt weider lafe loossen, hëllt hien zur Kenntnis. De Policeminister hofft awer, bis dohin e Pak u preventiven a repressive Mesurë géint d'Drogekriminalitéit prett ze hunn, deen déi Gemenge-Responsabel eventuell dovun ofhält, dee Kontrakt iwwer den 1. November eraus ze verlängeren. Fir de Rescht verweist hien op dee massive Rekrutement, dee bei der Police amgaang ass, an deen den Effectif bannent den nächste Joren ëm netto 600 Beamte wäert eropschrauwen. De Policeminister huet och nach eemol op dee grousse Rekrutement verwisen, deen amgaang ass. Aktuell wären 200 jonk Leit an der Policeschoul ënnerwee.

Bei der Police wier och kloer gereegelt, wat geschitt wann eppes aus dem Rudder leeft. Fir méiglech Excèse bei der Police ze kontrolléiere géif et beispillsweis d'Inspection générale de la Police (IGP) ginn. Et dierft een d'Grenzen net vermëschen.

D'IGP ass am Moment mat zwee Tëschefäll bei deene Polizisten involvéiert ware befaasst. Zu engem dovu seet de Minister:

"Dass natierlech heiansdo emol en Excès ka passéieren an där Situatioun hannert dem Palais Nationalfeierdag, dat sinn eenzel Aktiounen."