Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Kox: "Mir sollten déi néideg Rou behalen"

Reclassement

Henri Kox: "Mir sollten déi néideg Rou behalen"

De Sträit ronderëm d'Karriären C1 a B1 bei der Police beschäftegt nach ëmmer d'Geriichter. De Minister mécht een Appell zur Rou: hie wëllt d'Urteeler ofwaarden, weess awer net, ob da misst gehandelt ginn.

auto_stories

4 min

Den Henri Kox ass Policeminister. Foto. Archiv

"Mir sollten déi néideg Rou behalen", betount den Henri Kox. Op de Wee vun enger Ännerung vum Policegesetz wéilt hien net onbedéngt goen, kënnegt de Minister elo schonn un.

"Ech hu probéiert mat hinnen zesummen, mat der Fonction publique, de Maximum aus deem Gesetz eraus ze huelen, an do hunn ech jo awer ville Leit, ville Beamten, awer scho Satisfaktioun ginn."

An engem Artikel Enn Abrëll zu de Karriären C1 a B1 bei der Police hat reporter.lu Enn Abrëll geschriwwen, datt déi verschidde Policeministere sech aus Budgetsgrënn onflexibel gewisen hätten. Natierlech géifen et Repercussiounen op de gesamte Fonctionnement vum Staat ginn, seet dozou de Minister Henri Kox.

"D.h. de Reklassement an engem Beräich, et ass jo net esou, datt de Reclassement automatique an deenen anere Beräicher gemaach ginn ass, soss wär dat jo laang de Fall gewiescht. Et ass sécherlech och am fin de compte ëmmer eng budgetär Fro, bei allen Entscheedungen, déi beim Staat getraff gi, sief et infrastruktureller oder personeller, dat spillt natierlech och eppes mat. Mee wann ech den aussergewéinleche Rekrutement kucken, dee mer elo ausgehandelt hunn, ass dat sécherlech keng budgetär Fro, well ech kréien déi budgetär Zoustëmmung, well mer e Manktem do hunn, deen an der Vergaangenheet net aus der Welt geschaaft ginn ass."

CSV: "Et ass Frust do"

D'Problematik vun den C1- a B1-Karriäre bei der Police soll geléist ginn: dës Fuerderung huet de Léon Gloden dës Woch widderholl. Hie wier reegelméisseg a Kontakt mat de Polizisten an et wier vill Frust do, seet den CSV-Deputéierten. "Fir op gutt Lëtzebuergesch ze soen, si schaffe sech vreckt, mee si kréien déi Unerkennung net."

"Ech erënneren un déi berüümt Problematik vum Opstig vun enger C1- an eng B1-Karriär: do si Polizisten, déi hunn den Diplom, déi si 15 bis 20 Joer an der C1-Karriär, déi musse raus goen aus der C1-Karriär, mussen een Exame maache fir an d'B1-Karriär a kréien awer hir Anciennetéit aus dem C1 net unerkannt. Op där anerer Säit gëtt awer d'Voie expresse geholl, wou Leit, déi net den Diplom hunn, déi kommen direkt an déi B1-Karriär: dat ass Frust. An op eemol soen déi, firwat solle mir dann nach méi schaffe wéi néideg."

Henri Kox: "Jiddweree kritt seng Satisfaktioun"

De Minister Henri Kox erënnert drun, datt et fir déi betraffe Policebeamten dräi Weeër gi fir an déi méi héich B1-Karriär kommen. Engersäits wier dat d'Voie expresse fir no enger gewësser Zäit a B1-Karriär ze kommen, anerersäits wier et d'Carrière ouverte, déi et an all de Verwaltunge gëtt, an et géif nach den Out-In ginn. Hei kéinte Beamten aus der C1-Karriär sech an enger Rekrutéierungswell uschléisse fir den Examen ze maache fir an d'B1-Karriär ze kommen.

Dem Minister no wier eng Perspektiv opgebaut ginn, datt jiddwer betraffene Beamte bei der Police an d'B1-Karriär kéim, natierlech awer net vun haut op muer. "Am Endeffekt kritt jiddweree seng Satisfaktioun"

"Et ass onglécklech gelaf"

"Et ass onglécklech gelaf", esou de Minister fir Bannesécherheet Henri Kox an der Suite vun der Publikatioun vun engem Artikel Enn Abrëll beim Portal reporter.lu iwwer d'Policereform, an der Fuerderung vu sengem Ministère dësen Artikel vum Internetsite ze suppriméieren.

"Wann duerch d'Virgoen Zweiwel a Bezuch op d'Pressefräiheet opkomm sinn, entschëllege mir eis heivir offiziell", hat et dozou dës Woch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro geheescht.

D'Fuerderung vun enger Spriecherin vum Ministère den Artikel ze suppriméiere wier intern diskutéiert ginn, an déi néideg Schlëss a Léiere wieren doraus gezu ginn, huet den Henri Kox am 100,7-Interview erkläert. Et géif dorëm goen aus Feeler ze léieren, betount de grénge Politiker.

Den Henri Koxplay_arrow

"Et ass net un engem Mataarbechter engem Journalist ze soen e soll den Artikel zeréckzéien. Dat war ni d'Intentioun, dat war och net esou gewollt. Dofir hunn ech mech virun d'Beamtin gestallt, awer am Sënn fir och vis-à-vis vum Journalist [...] d'Entschëllegung auszespriechen an dat hunn ech gemaach. An inhaltlech, do muss jiddweree jugéieren, wéi wäit den Artikel elo deem entsprécht, wéi et soll sinn oder net. [...] Mir wollte jo just do intervenéiere well verschidde Saachen awer duerchernee gehäit gi sinn."