Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Kox: "Police war virbereet"

No Manifestatioun um Samsdeg

Henri Kox: "Police war virbereet"

Et misst een nach analyséieren, wéi d'Demonstrante gëschter bis bei d'Haus vum Premier komme konnten, esou den Henri Kox an enger éischter Reaktioun um 100,7 op d'Manifestatioun vu gëschter. D'Police wier awer virbereet gewiescht.

auto_stories

3 min

Bei enger Manifestatioun um Samschdeg Mëtteg géint d'Corona-Mesuren ass et zu Tëschefäll komm. Demonstranten hunn ënner anerem probéiert, duerch d'Ofspärunge vum Chrëschtmaart ze kommen. Eng éischt Reaktioun vum Henri Kox, Minister vun der banneschter Sécherheet, am Gespréich mam Pierre Reyland. Um 10h30 um Sonnden de Moien gëtt et weider Detailer an enger Pressekonferenz.

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow

Pierre Reyland: D'Demonstrante si gëschter bis virum Premier seng Wunneng komm. Firwat goufen se net gestoppt?

Henri Kox: Hei geet et schonn extreem an den Detail vun der Police hirer Aufgab. Mee wat ech soe kann, politesch ass dat en No-Go ass, datt Leit harceléiert ginn oder Angscht gemaach kréien. d'Recht op Demonstratiounen ass an der Verfassung verankert, mee et gëtt kee Recht Vandalismus ze maachen, an eng Chamber wëllen eranzekommen oder e Chrëschtmaart ze stéieren. Wat den Asaz ugeet, muss d'Police nach analyséieren, wéi et derzou koum, datt d'Demonstrante virum Premier seng Dier koumen.

War dem Premier seng Wunneng dann net ofgeséchert? A wann net, firwat net? Et gouf jo och schonn éischter an der Woch eng Tëschefall wou Demonstrante viru sengem Haus waren?

Dat kann ech elo net als Operative klären. Mee et ass e No-Go datt Politiker, an iwwerhaapt eng Persoun, harceléiert ka ginn.

D'Demonstratioun gëschter war am Viraus annoncéiert ginn. An et war gefaart ginn, datt se méi hefteg kéint ginn. War d'Police virbereet dorop, ware genuch Polizisten am Asaz, an huet d'Police richteg gehandelt?

Jo, d'Police war virbereet. Ech hat och meng Minister-Kolleegen informéiert, datt d'Police anescht opgestallt wier. Mee den Oflaf muss nach analyséiert ginn. Dat Wichtegst ass, datt bei allen Demonstratiounen, déi et wärend der Pandemie elo gouf, nach kee Mënsch zu Schued komm ass. D'Police huet hei ëmmer eng Taktik vun der De-Eskalatioun ugewannt, fir datt d'Demonstratiounen net dat Ausmooss kréie wéi am Ausland. Et gesäit een awer, datt hei eng Toleranz iwwerschratt gouf, déi net méi ze akzeptéieren ass.

Wéi eng Konsequenzen zitt dir doraus fir zukünfteg Demonstratiounen. Geet d'Police do méi haart vir?

Et gëtt null Toleranz fir Zerstéierung. An do ass d'Direktive ganz kloer, datt d'Police dat soll an Zukunft verhënneren. Den Ament ass d'Police elo an der Analys, wéi een dat besser kann encadréieren?

Op de soziale Reseaue soe Leit, déi bei der Demo derbäi waren, der Police quasi Merci. Ech zitéieren: "All Respekt fir d'Police. Si hunn eis gewäerde gelooss." Wat haalt dir dovun?

Dat ass och eng operativ Police-taktesch Virgoensweis, an do gëtt et herno an der Pressekonferenz méi Erklärungen.