Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - The Fields

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Kox proposéiert nei Reegele fir bezuelbar Wunnengen

Logement

Henri Kox proposéiert nei Reegele fir bezuelbar Wunnengen

Den Accès zu sozialen an abordabelen Wunnenge soll an Zukunft un eenheetlech Reegele gebonne ginn. De Logementsminister Henri Kox huet den Donneschdeg eng entspriechend Reform presentéiert. Deemno sollen esouwuel fir d'Locatioun, wéi fir de Verkaf vu staatlech subventionéierte Wunnengen nei Reegelen agefouert ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Ministère du Logement

An Zukunft sollen all d'Wunnengen am Land, déi als "bezuelbar" agestuuft sinn, no deene selwechte Critère verlount ginn, esou den Henri Kox den Donneschdeg virun der Press. Krittäre un ëffentleche Promoteuere wéi déi vu Gemengen a vun der SNHBM géife sech haut vun de Krittäre vu verschiddenen Asblen ënnerscheeden. Do misst ee Kohärenz erabréngen, sou den Herni Kox.

Fir datt jiddwereen deen op der Sich no bezuelbarem Wunnraum ass gerecht behandelt gëtt, wëllt de Logementsminister e Stufesystem aféieren: Wéi vill ee fir eng Wunneng muss bezuelen, a wéi eng staatlech Hëllefen een dobäi ze gutt huet soll deemno an Zukunft vum Akommes ofhänken.

"D'Aiden ginn natierlech proportional méi héich, wat ee méi ënnen an der Kategorie ass. A wat ee méi an d'Mëtt vun der Gesellschaft kënnt, wat d'Aiden entspriechend wäerten erof goen."

Esou sollen déi äermste Stéit zéng Prozent vun hirem Akommes als Loyer musse bezuelen. Den Undeel ka fir e bësse besser gestallte Menagen da bis op 35 Prozent eropgoen, sou den Henri Kox. De Staat misst garantéieren, datt ee gläichzäiteg an enger Wunneng kéint liewen an nach Suen iwwreg huet fir ze liewen, sou de Logementsminister.

Réckkaafsrecht fir ëffentlech Promoteuren

Fir datt dat geléngt, ass et och wichteg datt genuch abordabel Wunnengen zur Verfügung stinn. Den Henri Kox wëllt dofir och d'Reegele fir de Verkaf vu subventionéierte Wunnengen änneren. Déi meescht vun deene Wunnenge lande nämlech am Moment um privaten Immobilliëmarché. Dat soll mat den neie Reegele verhënnert ginn andeems den ëffentleche Promoteur e Réckkaafsrecht garantéiert kritt.

De Verkeefer kritt an dem Fall just d'Suen zréck, déi en investéiert hat, ouni datt en eng Plus-Value mat der subventionéierter Wunneng ka maachen. Esou soll areecht ginn, datt den abordabelen Wunnengsraum dauerhaft an ëffentlecher Hand bleift. Zil wier et datt iergendwann zéng bis 15 Prozent vun de Wunnengen an ëffentlechem Besëtz sinn, esou den Henri Kox. Am Moment wären et just dräi bis véier Prozent.