Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Holland otemt op a kuckt no vir

Politik

Holland otemt op a kuckt no vir

Déi rietsliberal VVD vum Premier Mark Rutte huet d'Wahlen an Holland gewonnen. Déi rietsextrem PVV gouf déi zweetstäerkst Partei. Wéi geet et elo weider? E Gespréich mat der hollännescher Journalistin Majorlein de Haan.

auto_stories

2 min

Marjolein de Haan

"Fir d'éischt emol sinn ech frou, datt net dem Geert Wilders seng riets-liberal Partei am beschten ofgeschnidden huet", seet d'Journalistin Majorlein de Haan. Ganz ville Leit an Holland géif et sou goen. Déi héich Wahlbedeelegung vun iwwer 75 Prozent wier duerch d'Kontroversen ëm de Rietspopulist z'erklären. Awer och dem Premier Mark Rutte seng kloer Reaktioun op dem tierkesche Premier Recep Tayyip Erdoğan um Weekend hätten d'Leit mobiliséiert. "Hien huet sech de Weekend wéi ee richtege Regierungschef opgestallt."

Geert Wilders trotzdem Zweetstäerksten

Dem Premier Mark Rutte seng Partei VVD krut 33 vun 150 Sëtz. Trotzdem misst ee sech Suerge maachen, datt bal all fënnefte Wahlberechtegte fir ee Rietsextremist gestëmmt hätt. Well keng aner Partei mam Wilders eng Koalitioun wéilt agoen, géif seng Partij voor de Vrijheid elo nees véier Joer an d'Oppositioun goen. "Ech fäerten, datt hien do kéint grouss ginn, well hie keng Responsabilitéit muss iwwerhuelen."

Datt Rietsextremer sou vill Succès hunn, wier net just een hollännesche Phänomen. "D'Leit hunn Angscht virun de Flüchtlingen. Si hunn Angscht virun der Immigratioun."

Méiglech Koalitiounen

D'Regierung wier bei dëse Wahle bestrooft ginn, seet d'Majorlein de Haan. Am ganzen hätte si 30 Sëtz verluer. D'sozialdemokratesch Partij van de Arbeid war bis elo dee stäerkste Koalisitounspartner vun der VVD. Si huet dramatesch schlecht ofgeschnidden. Et géif deemno schwéier ginn, fir eng Regierung ze forméieren. Eng Méiglechkeet wier d'VVD mat de Chrëschtdemokraten D66 a GroenLinks, déi zesummen op 85 Sëtz géife kommen. Eng aner Optioun wier d'VVD zesumme mat der Partij van de Arbeid an D66, déi op 80 Sëtz géife kommen. Eng drëtt méiglech Koalitioun wier eng Regierung mat sechs Parteien ouni d'VVD.

Egal wéi d'Regierungskoalitioun wäert ausgesinn, d'Parteie wäerte misse Kompromësser agoen, well si wäerte mat Parteie mat ganz aneren Ausriichtunge mussen zesummeschaffen, seet d'Journalistin. "Ech mengen net, datt d'Partij van de Arbeid, déi sou schlëmm bestrooft gouf, nach eng Kéier an d'Regierung wëll goen."

Succès fir GroenLinks

GroenLinks ass mat 16 Sëtz den Iwwerraschungs-Gewënner bei dëse Parlamentswahlen. "Dat ass och, well d'Partij van de Arbeid sou vill Verloschter hat," seet d'Majorlein de Haan. Awer och d'Campagne vum Parteipresident Jesse Klaver wier responsabel fir dat gutt Resultat. Seng Optrëtter, zum Beispill a Concertssäll a säi jugendlecht Optriede wiere gutt ukomm. Vill Leit géifen hien als déi hollännesch Versioun vum kanadesche Premier Justin Trudeau gesinn.

D'Majorlein de Haan huet néng Joer an Holland gelieft an als Journalistin fir d'Noordhollands Dagblad geschafft.