D'Kanner solle just an d'Schoul komme fir getest ze ginn. Nëmme Kanner mat engem negative Corona-Test sollen de Mëttwoch dann nees Presenzunterrecht kréien. Och d'Maisons relaise sollen zou bleiwen. Déi offiziell Matdeelung soll deemnächst un d'Eltere verschéckt ginn. D'Gemeng ass domat enger Recommandatioun vun der Direction de la santé nokomm.
Zu Schëffleng goufen et virun der Fuesvakanz e puer Infektiounsclusteren, och bei deene Jonken. D'Autoritéite sinn dovun ausgaangen, datt méi ustiechend Virusvariante kéinten de Grond dofir sinn.