Radioen

On air

Espresso Beats  |  Klaus Layer & Rick Flair - Vibrant Air

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Homeschooling vum 8. Februar un

Schoul

Homeschooling vum 8. Februar un

D'Schoul soll vum nächste Méinde un zou bleiwen, seet de Claude Meisch. Och d'Maison relaise ginn zou, d'Crèche bleiwen op. Et ass méiglech Congé pour raisons familiales unzefroen.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Carole Schimmer lauschterenplay_arrow


Wéinst den Infektiounen an de Schoulen a Clusteren, déi méi grouss ginn, huet den Educatiounsminister Claude Meisch Homeschooling annoncéiert. Dee soll vun nächster Woch u gëllen. Betraff sinn d'Grondschoulen, d'Kompetenzzenteren an d'Maisons relaisen. Och betraff sinn d'Museksschoulen - verschidden Exame sollen awer méiglech sinn.

Och d'Examen an der Woch vum 8. bis den 13. Februar wäerte regulär stattfannen.

D'Crèche kënne weider opbleiwen, mee hie ginn et méi strikt Moossnamen: soubal et zu engem Kontakt mat enger infizéierter Persoun kënnt, muss déi concernéiert Persoun a Quarantän goen.

De Sportsministère huet per Communiqué preziséiert, datt sportlech Aktivitéiten erlaabt sinn, ënner de bekannte Mesuren. D'Sportsaktivitéite fir déi Jonk bis 18 Joer sinn erlaabt, mee et gëtt de Veräiner recommandéiert op Indoor-Aktivitéiten ze verzichten. D'LASEP annuléiert iwwerdeems all Training bis den 21. Februar, an all sportlech Manifestatioune bis den 22. Mäerz 2021.

D'Lycéeën si vun nächster Woch u souwisou an der Vakanz. Fir d'Première gëllt awer Presenzunterrecht, et wäerten awer Ordonnancë verdeelt gi fir datt d'Schüler sech teste loosse kënnen. Och d'Beruffsausbildung wäert weider stattfannen, souwuel an der Schoul wéi beim Patron.

Et ass méiglech erëm Congé pour raisons familiales fir déi nächst zwou Wochen unzefroen, falls Eltere keng aner Méiglechkeet hu fir d'Kanner ze versuergen. De Claude Meisch mécht en Appell datt d'Elteren déi Zäit notze fir déi sozial Kontakter op e minimum ze reduzéieren.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet sech net ganz optimistesch driwwer gewisen, datt d'Situatioun sech no der Fuesvakanz nees normaliséiert. Enn nächster Woch ginn et weider Consultatiounen vun all den Acteuren aus dem Secteur.