Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hommage un ee Spëtzekandidat

Politescht Buch

Hommage un ee Spëtzekandidat

De fréiere Journalist Romain Meyer huet fir d'Wahlkampfjoer 2018 eng Biographie vum François Bausch geschriwwen. De grénge Politiker gëtt zum gréissten Deel onkritesch als wëllensstaarken Idealist portraitéiert. D'Buch mam Titel "François Bausch. Der Un-Geduldige" ass trotzdeem liesenswäert.

auto_stories

7 min

D'Lecture vun de ronn 150 Säite lount sech schonn eleng, well Biographien a Bicher zur politescher Aktualitéit hei am Land sou rar sinn.

Scripta manent

Villes, wat een iwwer ëffentlech Persoune weess, steet néierens geschriwwen. Et kritt een et verzielt, vu Journalistekolleegen um Bord vun enger Pressekonferenz, owes am Bistrot, oder bei Familljefester an ähnleche sozialen Happenings ... Dat Geschriwwent schaaft net just eng Ëffentlechkeet, déi fir jiddereen accessibel ass, mee et hannerléisst och eng Trace, mat där ee sech kritesch kann ausenanersetzen.

An engem gewësse Sënn ass et dann awer och typesch fir déi politesch Kultur vum Land, datt mam Romain Meyer ee "gudde Copain" vum François Bauschdës Biographie schreift - an net een op Distanz beduechten Observateur. Den Auteur ass d'selwecht wéi de portraitéierte Politiker am Joer 1956 gebuer. A wéi een et am Buchdeckel gewuer gëtt, hu sech hir Weeër scho beim Führerschäi-Maachen a spéider bei der sozialistescher Jugendaarbecht gekräizt.

Vum Trotzkist zum grénge Pragmatiker

De Romain Meyer huet ee gutt Gespier fir ze beschreiwen, wéi de jonke François Bausch sech als Eisebunner an der Gewerkschaftsaarbecht beim Landesverband politiséiert a bei der sozialistescher Partei engagéiert. Ouni Zweiwel ass et ee spannende Parcours: De Fils vun engem Schmelzaarbechter an enger Cafésbesëtzerin brécht d'Schoul of, geet bei d'Bunn schaffen an entdeckt als Gewerkschaftler seng Passioun fir politesch Literatur - vu Marx an Engels iwwer den engleschen Historiker Eric Hobsbawm bis zu sengem "Schwäizer Idol" Jean Ziegler.

Enn de 1970er gëtt de François Bausch bei de Jonke Sozialisten aktiv - datt hie gläichzäiteg Member vun der Ligue communiste révolutionnaire ass, gi seng Parteikolleegen zum Deel erhéicht méi spéit gewuer. Seng LSAP-Memberschaft erneiert de François Bausch 1984 net méi, nodeems hien ouni Succès versicht huet d'Partei vun enger Koalitioun mat der CSV ofzehalen.

Zwee Joer méi spéit gëtt hie Member vun der "Gréng Alternativ Partei". Zënter 1989 war de François Bausch dunn Deputéierten an huet sech séier als Leader bei deene Gréngen imposéiert. Wat net jidderengem geschmaacht huet, wéi de Romain Meyer kuerz erwäänt. Notamment zitéiert hien en anonymen "enttäuschte Grënnungsmember", deen der Meenung ass, datt de François Bausch aus der Lénkspartei eng DP gemaach hätt.

Biographie oder Wahlkampfpamphlet?

An der éischter Halschent vum Buch geléngt dem Auteur eng spannend Erzielung mat villen Detailer an deels och méi kritesche Bemierkungen zum Parcours vum stiermeschen Trotzkist an "aufbrausenden Rechthaber" zum pragmatesche Muechtpolitiker, deen "d'Leit do ofhëlt, wou seistinn".

Ganz anescht liest sech déi zweet Halschent vum Buch, an där et haaptsächlech ëm de Fraktiounschef a Minister Bausch geet. Hei liest ee Passagen, déi souguer op engem Wahlkampfflyer vun deene Gréngen nach peinlech géife kléngen. Zum Beispill heescht et op Säit 95:

"Kaum jemand zweifelt daran, dass er mutig ist und dies in seiner politischen Laufbahn auch stets bewiesen hat. (...) Er lässt sich durch keine Hürde, durch keinen Widerstand, weder durch Neider noch durch falsche Helfer von seinem Ziel abbringen, die grüne Partei in Luxemburg zu einer unumgänglichen politischen Größe zu machen. Einen derart steinigen Weg geht nur einer, der ein gehöriges Maß an Furchtlosigkeit besitzt."

SREL-Affär: Bausch als Affer

D'Kapitel iwwer d'Geheimdéngschtaffär vun 2013 illustréiert, wéi onkritesch an onpräzis déi rezent politesch Carrière vum François Bausch beschriwwe gëtt.

2013 war de grénge Fraktiounschef Rapporter vun der Enquêtëkommissioun, déi d'Mëssstänn am SREL sollt opschaffen. Domadder war hien an engem Interessekonflikt, wann et drëms goung, d'Responsabilitéit vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun ze analyséieren.

Der Kontrollkommissioun hire Member war de François Bausch ëmmerhin och schonn, wéi se virun de Chamberwahlen 2009 vum Jean-Claude Juncker doriwwer informéiert gouf, datt den deemolege Premier vum fréiere SREL-Direkter Marco Mille mat enger Auer opgeholl gouf. De François Bausch wousst och, datt SREL-Memberen an engem anonyme Bréif un d'Kontrollkommissioun virun Dysfunktionnement am Geheimdéngscht gewarnt hunn. A béide Fäll sinn d'Deputéiert net aktiv ginn.

Op dee Reproche huet de grénge Politiker an der Vergaangenheet ëmmer nees ganz empfindlech reagéiert. De Romain Meyer bitt him d'Geleeënheet, sech nach emol ze justifiéieren a fir sech als Affer ze stiliséieren. An engems gëtt den Eescht vun der Geheimdéngschtaffär an den ëmmer neien Informatiounen, déi 2013 vun der Press opgedeckt ginn erofgespillt:

"Im letzten Akt verkommt die SREL-Affär allmählich zur Seifenoper. (...) Hinter den sich häufenden persönlichen Anfeindungen gegen den Berichterstatter vermutet Bausch eine konzertierte Aktion. 'Es war das Schlimmste, was ich in meiner politischen Laufbahn mitgemacht habe', erinnert er sich."

Alles an allem wierkt d'Buch domadder wéi ee grousse Frëndschaftsdéngscht kuerz virun den nächste Chamberwahlen.

Do hat de Xavier Bettel manner Chance. Am rezent publizéierte Buch vun der Catherine Gaeng, d'Partnerin vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi, iwwer d'Affär Lunghi-RTL-Bettel kënnt de Premier a Kulturminister nämlech alles anescht wéi gutt ewech.

Spannendste Passage: "Pizza Connection"

Trotzdeem liwwert grad dësen Deel vum Buch eng vun de spannendste Revelatiounen. An zwar deckt de Romain Meyer op, datt et am Virfeld vun de virgezunnenen Neiwahlen 2013 geheim Treffen tëscht Vertrieder vun der DP an deene Gréngen gouf. Hei goufe Gedankespiller iwwer méiglech Regierungskoalitiounen oder souguer eng Fusioun vu béide Parteie gefouert, an et goufen Iddie fir eng Steierreform entworf.

Méi Detailer gëtt ee leider net gewuer. Zum Beispill hält den Auteur d'Informatioun zeréck, bei wiem dës Treffen organiséiert goufen. Den "eeleren Här", dee sech "gär u seng Roll am Hannergrond vum Gaston Thorn" erënnert, ass nämlech den Entrepreneur Lucien Emringer. A wat de Romain Meyer och net erwäänt: Och de Geschäftsmann Norbert Becker huet deemools intensiv un dem Rapprochement tëscht blo a gréng matgeschafft. Hei gëllt d'Loyautéit vum Auteur offensichtlech net dem Lieser.

Wat feelt

Dës Biographie léisst a ville Punkten ze wënschen iwwereg. Zum Beispill, well fir vill Informatioune keng Quelle genannt ginn, sou datt een als Lieser net kann aschätzen, ob et ëm d'Meenung vum Auteur oder vu senge Gespréichspartner, respektiv ëm "haart Fakten" geet. Vill Acteuren, mat deenen de Romain Meyer geschwat huet, ginn net weider situéiert. An op der Lëscht vun de Gespréichspartner vum Romain Meyer (déi hannen am Buch opgezielt ginn), sinn däitlech méi Frënn wéi Kritiker vum François Bausch.

De Romain Meyer geet plazeweis souguer esou wäit, de François Bausch géint Kritiker ze verdeedegen. Notamment wann et ëm de Reproche geet, datt de grénge Politiker als Member vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun Feeler gemaach huet, déi hien als Rapporter vun der SREL-Enquêtëkommissioun dunn net méi wollt thematiséieren.

Da feelt och eng kritesch Analys dovunner, wéi de François Bausch a seng Partei sech an der Regierung entwéckelt hunn. Am Fong haten déi gréng sech jo scho vun hirem Spëtzemann verabschit: Um Kongress am Dezember 2013, wou déi gréng dem blo-rout-grénge Koalitiounsaccord zougestëmmt hunn, hat déi deemoleg Partei-Co-Presidentin Sam Tanson erkläert, datt de François Bausch laang de "Papp" vun der Partei gewiescht wier. Mee elo géif de Félix Braz déi Roll iwwerhuelen. Dee Wiessel ass awer an der Praxis ni geschitt an de François Bausch bleift de staarke Mann bei deene Gréngen.

Witzegst Anekdot

Op de Säite 34 bis 36 beschreift de Romain Meyer, wéi den Trotzkist François Bausch 1984 als "politisches Unterseeboot" enttarnt gouf. Während enger gemittlecher Soirée bei de jonken a stiermesche Membere vun der LSAP-Sektioun Al Eech (dorënner de spéideren Zentralbankchef Yves Mersch, de spéidere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an den haitege Statec-Direkter Serge Allegrezza) geschitt dat hei:

"Aus heiterem Himmel fragt François Bauschs Freundin, weshalb er eigentlich gleichzeitig bei den Sozialisten und bei den Trotzkisten aktiv sei. Als Serge Allegrezza das hört, fühlt er sich von seinem Mit-Juso auf den Arm genommen. (...) Der Abend endet in endlosen Streitgesprächen: Die spätere Grünen-Abgeordnete Josée Lorsché ergreift Partei für Bausch, andere wettern gegen ihn, sämtliche Schlichtungsversuche des Gastgebers scheitern. Zwischen Bausch und Allegrezza bricht eine Eiszeit an (...). Wenig später verlässt Genosse Bausch die LCR doch endgültig."

Iwwerflëssegst Anekdot

De Romain Meyer hat d'Geleeënheet, fir mat der EU-Transportkommissärin Violeta Bulc iwwer de François Bausch ze schwätzen. An do gëtt een da gewuer, datt d'Violeta Bulc an de grénge Minister sech gären iwwer hir Passioun fir gesond Ernärung ënnerhalen.

Schéinste Passage

De Romain Meyer huet e gewëssen Don fir Observatiounen. Zum Beispill beschreift hie säi Gespréich mat der Mamm vum François Bausch esou: Déi eeler Damm huet vun hirem Zëmmer am Altersheim Pescatore eng Vue op d'Héichhaus, an deem hire Fils als Minister säi Büro huet. A si kuckt och op de Chantier vum Tram, fir deem säi Bau hire Fils sech zënter den 1980er agesat huet. Da fält dem Auteur och op, datt obwuel d'Mamm fréier ee Café hat, de Fils spéider alles anescht wéi ee Bistrotspolitiker ginn ass. Smalltalk wier net senges, a Witzer géif hie kaum rappen.