Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Housing-First Projet vu Caritas scheitert um Wunnengsmarché

Betreit Wunnen

Housing-First Projet vu Caritas scheitert um Wunnengsmarché

De Projet Housing-First fir Fraen, déi op der Strooss liewen, scheitert bis elo un der Wunnengssich. D'Caritas, déi de Projet geréiere soll, fënnt keng passend Wunnengen. Dobäi hat de Familljeministère um Ufank vum Joer annoncéiert, datt bis Enn vum Joer zéng betreit Wunnenge sollte fonnt gi fir Fraen, déi op der Strooss liewen. De Ministère gleeft awer nach drun, datt Léisunge fonnt ginn.

auto_stories

2 min

De Projet "Housing First" ass bis elo um Wunnengsmarché gescheitert. (Foto: picture alliance / dpa / Uwe Anspach)

Lauschterenplay_arrow


De Familljeministère hätt sech dofir agesat, datt d'Caritas de néidege Budget kritt. D'Sich vun enger Gebailechkeet wier elo d' Aufgab vum Gestionnaire, esou d'Emma Waldron vum Service Solidarité.

Et wier dem Familljeministère bekannt, datt d'Sich sech als méi schwiereg erweist wéi geduecht, mee et géif een awer mengen datt et bestëmmt méiglech wier, fir een Haus ze fanne fir zéng Leit ënner ze kréien am ganze Land.

D'Wunnenge feelen

Eben doru scheitert et awer. Dem Marc Pauly no, dee fir de Logement bei Caritas zoustänneg ass, géif bal alles stoen: Et hätt een ufanks vum Joer eng Konventioun vum Familljeministère krut fir ee Fonktiounsbudget an dräi ausgebilte Betreier.

Dat wier ee gudde Personalschlëssel, mengt de Marc Pauly. Elo feelen nach d'Wunnengen - dat wier de "wonne Punkt":

"Mir hu ganz vill Demarche gemaach fir Wunnraum ze fannen a bis dato ouni Erfolleg. Mir versichen ob allen Ebenen u Wunnengen ze kommen a wéi ech och schonn ugedeit hat, kënnt u sech souwisou just eng Sozialwunneng a Fro, dee vu vir ran finanzéierbar ass."

Et hätt een och ufanks vum Joer eng Demande beim Fonds de Logement agereecht. An der Äntwert, déi d'Caritas rezent krut, stoung, datt si momentan keng Wunnenge kéinte kréien.

Familjeministère wëllt mat Caritas eng Léisung fannen

Vum Familljeministère heescht et, datt ee sech am Hierscht mat der Caritas wéilt zesumme sëtze fir eng Léisung ze fannen.

Eng Propose, sou d'Emma Waldron vum Familljeministère, wier fir op eenzel Studioen anzegoen déi disperséiert wieren: "Déi kéinten dann jo och innerhalb vun enger Gemeng oder vun engem relativ enken Territoire sinn, wou een d'Méiglechkeet huet fir ee Suivi étroit ze maachen."

De Marc Pauly vu Caritas Lëtzebuerg mengt, datt et grad esou Strukturen ewéi sou een Housing-First Projet wären, déi d'Leit längerfristeg vun der Strooss huelen.