Brexit "Ofmaachung muss elo duerchgesat ginn"

D'EU-Kommissioun a Groussbritannien si sech haut eens ginn, op een Text fir een neie Brexit-Accord: dat gouf de Mëtteg kuerz virum EU-Sommet matgedeelt. Mat Spannung gëtt elo zu Bréissel gekuckt, ob et den Owend eng Zoustëmmung vun den EU-Staats- a Regierunscheffen dofir gëtt.

Serge Kesseler, Danièle Weber (Bréissel) / ckl

Jean-Claude Juncker EU-Sommet 18 Okt 2018

Kuerz virum EU-Sommet zu Bréissel si Groussbritannien an d'EU sech eens ginn op een Text fir een neien Brexit-Accord: domat sinn d'Chancë geklommen, datt vun de Staat- a Regierungscheffe een Accord kann ugeholl ginn, fir de gereegelte Brexit den 31. Oktober, also haut a 14 Deeg.

Et léich elo een Deal vir, deen et méiglech mécht, een Accord ze fannen, esou de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel virum Ufank vum Sommet: dat wier wichteg fir béid Säiten. Eng Garantie géif et awer nach net ginn. Fir hie wier wichteg gewiescht, datt d'Froen iwwer d'Erhale vum Bannemaart an iwwer déi iresch Grenz gereegelt wieren, huet de Lëtzebuerger Premier erkläert.

De Xavier Bettel iwwert de Brexit-Duerchbroch

Elo léich de Ball beim Parlament zu London: e Samschdeg de Moie wéisst e méi, esou de Mëtteg de Xavier Bettel zu Bréissel. Wann dat britesch Parlament géif "Nee" soen, dann hätt een e Problem.

De Xavier Bettel (l.) mam Boris Johnson (Mëtt) a Michel Barnier (r.)

Juncker: Irland mat allem averstanen

Am Deal stéing näischt dran, mat deem den iresche Premier net averstane wier, sot sengersäits den Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Et géif elo keng direkt Ursaach, firwat déi aner EU-Staats- a Regierungscheffen net domat averstane wieren. Eng Garantie, datt de geplangten neien Accord och am britesche Parlament akzeptéiert gëtt, géif et awer net, sou de fréiere Lëtzebuerger Premier.

"Kee Regierungschef ka verspriechen, datt säi Parlament dat matmécht, wat hien ofmécht. Dat internationaalt Liewen ass esou, dat d'Regierunge matenee verhandelen a jiddwereen op senger Säit probéiert, dat wat ofgemaach gouf, duerch säi Parlament ze kréien. Mir am Europäesche Parlament, den Här Johnson am britesche Parlament. Dat wäert hien e Samschdeg de Moien och maachen, oder probéieren."

De Jean-Claude Juncker huet kloer gemaach, datt hie géint e weidert Nohanne-Verréckele vum geplangte briteschen EU-Austrëtt ass. "Mir hunn elo eng Ofmaachung, déi muss elo duerchgesat ginn", esou de Lëtzebuerger.

D'Danièle Weber am Gespréich mam Jean-Claude Juncker

Wann et um Samschdeg zu London keng Zoustëmmung fir den Accord géif ginn, da kéint et haut a 14 Deeg een ongereegelte Brexit ginn.

Méi zum Thema

Thomas Koenig
Prisma

Opportunist, Taktiker, oder einfach nëmmen en Clown? Wat stécht hanner dem Boris Johnson? De Philosoph Thomas Koenig huet sech um Machiavelli orientéiert, fir e bësse méi kloer ze gesinn.

Jean Asselborn
Aussepolitik

De Jean Asselborn gleeft net wierklech drun, datt d'Propos, déi de Boris Johnson a senger Ried haut Dënschdeg um Kongress vun den Tories wëllt maachen, en Auswee aus der Brexit-Sakgaass bréngt.

Boris Johnson zu Lëtzebuerg
Brexit

De britesche Premier hat Gespréicher mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a mam Premier Xavier Bettel. Fortschrëtter gouf et dono net wierklech ze mëllen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen