De Jup Weber - vu Formatioun Forstingenieur - hat sech an de 70er Joeren en Numm gemaach als Pionéier vun den Pirateradioen, als een vun den Pappen vum Radio "Grénge Fluessfénckelchen".
An den 80er an 90er Joren huet hien di Gréng markéiert. Hien hat di gréng Partei - déi deemools GAP geheescht huet - 1983 mat gegrënnt, war och een vun hiren éischten Deputéierten um Krautmaart, wou hien als "enfant terrible" bekannt war, e.a. wéi hie bei der berüümter "Trappebesetzung" derbäi war.
Vun der GAP an d'GLEI
1985 ass den Jup Weber awer aus der GAP ausgetrueden, an huet eng zweet gréng Partei - d'GLEI gegrënnt. Fir d'GLEI war hien och op de Krautmaart erëm gewielt ginn.
De Sträit tëschent béide Parteien huet bis Ufank vun den 90ger Jore gedauert, 1995 hunn si erëm fusionéiert.
Europapolitik - vu gréng bis radikal Allianz
1994 war de Jup Weber awer schonn op enger gemeinsamer Grénger Lëscht fir d'Europaparlament gewielt ginn, ee Joer drop gouf et neie Sträit: hien huet di gréng Fraktioun am Europaparlament verlooss, fir an d'Fraktioun vun der Radikaler Allianz ze goen.
1999 huet de Jup Weber nach emol mat enger weiderer eegener grénger Lëscht probéiert an d'Chamber ze kommen, dat ass net gelongen. Duerno ass et méi roueg ëm hie ginn.