Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Egoismus an der EU

EU-Missioun am Mëttelmier

Egoismus an der EU

An de leschte Wochen hu méi EU-Memberstaaten eege Projeten annoncéiert, fir géint de Mënscheschmuggel a Libyen an d'Flüchtlingskris unzegoen. Doduerch geet d'Solidaritéit an der EU verluer, seet den Europadeputéierte Charles Goerens.

auto_stories

3 min

D'EU-Missioun Sophia gouf am Juni 2015 am Mëttelmier gestart. An éischter Linn soll mat dëser Missioun Mënscheschmuggel bekämpft ginn. All Dag ginn dausende Flüchtlinge vu Passeuren aus Libyen iwwert d'Mëttelmier an Europa geschleist. Op där geféierlecher Streck sinn eleng d'lescht Joer 5.000 Mënschen ëm d'Liewe komm. Duerch d'Aarbecht vun der Europäescher Unioun konnten awer 40.000 Asyldemandeure gerett ginn.

E Manktem u Solidaritéit

Viru kuerzem gouf d'Verlängerung vun der Missioun Sophia bis Enn 2018 gestëmmt, nodeems Italien an enger éischter Phase blockéiert hat. Allerdéngs stinn d'EU-Memberlänner alles anescht wéi geschlossen do, mengt den Europadeputéierte Charel Goerens am 100,7-Interview. Zwar hätte sech an Tëschenzäit 26 vun den 28 EU-Memberstaaten am Kader vun där Missioun engagéiert, mä:

"D'Grondursaach vun der Absence vun enger gemeinsamer Haltung ass den Egoismus vun eenzele Memberstaaten."

D'Visegrád-Staaten (Tschechesch Republik, Slovakei, Polen an Ungarn) wéilte sech iwwerhaapt net investéieren. Italien géing sech vun deenen anere Memberlänner am Stach gelooss fillen an hätt dofir en Accord mat Libyen getraff, fir eleng virun der libescher Küst géint d'Passeure virzegoen. A Frankräich hat d'lescht Woch ugekënnegt, datt ee wéilt Opfänkzentren a Libyen schafen, fir d'Asyldemandeuren do schonn ofzefänken. Déi Léisungen hält de Charles Goerens allerdéngs am Moment net fir realistesch.

Keng Regierung, kee Verhandlungspartner

D'Tensiounen tëscht deene verschidde Gruppéierungen a Libyen wieren immens héich, et géif keng richteg Regierung existéieren. Dofir wier et schwiereg fir d'EU, fir Accorden mat engem Verhandlungspartner ze treffen. Bis 2018 Wahlen a Libyen ofgehale géife ginn, wier kaum eppes op deem Plang ze realiséieren.

Donieft géing ee waarden, bis datt d'Vereenten Natiounen sech géingen aschalten. Wann d'UNO géing decidéieren, datt Asyldemandë vu Flüchtlinge schonn a Libyen sollten traitéiert ginn, oder datt d'Mëttelmiermissioun op déi libesch Küst sollt ausgeweit ginn, dann hätt ee wéinstens den néidege rechtleche Kader dofir.

Léiwer eleng, wéi zu 28

D'EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini wier do, fir sech ëm Froen a Bezuch op déi europäesch Aussepolitik ze këmmeren. All Kéiers wa sech eng grouss international Fro géing stellen, da géingen awer eenzel Memberlänner vun der EU eegen Initiative starten, amplaz datt si hir Iddie géingen der Federica Mogherini duerleeën, déi dann an der Suite e Gesamtkonzept kéint ausschaffen.

"Do ginn Erwaardungshorizonter opgemaach, déi falen den Dag drop nees zesumme wéi e Kaartenhaus."

Ënnert anerem de franséische President Emmanuel Macron hätt mat senger Propose iwwert Opfänkzentren a Libyen schonn nees e Réckzéier gemaach. Well hie gemierkt hätt, datt et net ze realiséiere wier.

No laangfristege Solutioune sichen

D'Europäesch Unioun géing relativ vill maachen, am Verglach mat anere Länner, mä do wier nach Loft no uewen, sou de Charles Goerens. Bei der Flüchtlingskris misst ee méi déif usetzen, wéi et bis elo de Fall ass.

"Et ass e politesche Problem, e Problem vu Migratiounsbeweegunge vu Süden no Norden. Dee fousst an der Aarmut an an der Perspektivlosegkeet vu ganz villen afrikanesche Staaten."

Fir dogéint unzekämpfen, misst een op längerfristeg Solutioune setzen. Esou sollt d'EU endlech hir Verspriechen ëmsetzen, fir d'Ausgabe fir d'Entwécklungshëllef op 0,7 Prozent vum PIB eropzesetzen. Op déi Manéier hätt si och d'Méiglechkeet, fir humanitär Hëllef iwwerall do ze leeschten, "wou Nout um Mann ass".

D'EU bréicht méi eng zolidd Aussepolitk a méi Eenheet an Disziplin vun de Memberlänner fir se matzedroen, sou nach de Charles Goerens. Anerefalls bréicht ee sech net ze wonneren, wann een zu "esou minabele Resultater" kéim.