Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Bullett Proof

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Humiliatioun fir d'Strategie vum Theresa May"

Denis MacShane

"Humiliatioun fir d'Strategie vum Theresa May"

Dat britescht Vollek sot an dëse Wahle Nee zum haarde Brexit, Nee zum Nationalismus a Nee zur Austeritéitspolitik déi et zanter zéng Joer a Groussbritannien gëtt. De Chaos, deen et no dëse Parlamentswahle gëtt, huet déi konservativ Premierministesch Theresa May provozéiert, sou d'Analysevum fréiere briteschen Labour-Europaminister Denis Macshane.

auto_stories

3 min

Déi Wahlresultater sinn eng total Humiliatioun fir d'Theresa May, seet de fréiere Labour-Europaminister Denis Macshane. Si hätt mat hirer Decisioun, virgezunne Wahlen z'organiséieren, déi verfassungsrechtlech Reegelen duercherneegeheit. Si hätt wéilten d'Labour ënnerdrécken, zu engem Zäitpunkt wéi d'Partei vum Jeremy Corbin de Sondage no an enger schwaacher Positioun war.

Elo gëtt et Chaos am Land, et gëtt keng Majoritéit am Parlament an et weess een net, wéi d'Land elo ka regéiert ginn, kritiséiert den Denis MacShane.

Austeritéitspolitik an haarde Brexit verworf

D'Attentater vu London a Manchester hätte kaum zu der Defaite vun den Tories bäigedroen, seet den Denis MacShane. An den 80er Jore gouf et eng ähnlech Situatioun, mat den Attentater vun den ireschen Nationalisten. Déi hätte kaum een Afloss gehat op déi britesch Politik.

Et kéint een elo feststellen datt d'Wieler d'Positioun vun der Premier Ministesch a punkto Brexit verworf hunn, sou den Denis MacShane. "Si huet fir een haarde Brexit plädéiert, nom Modell deen déi rietsextrem UKIP-partei proposéiert. D'Britten hu mëttlerweil gesi wéi een héije Präis se misste mat engem haarde Brexit bezuelen."

De Wieler hätt sech iwwerdeems géint d'Austeritéitspolitik revoltéiert. Zanter zéng Joer gouf et a Groussbritannien keng Lounerhéijung méi, seet den Denis Macshane.

Defaite fir d'Tories mä keng Victoire fir Labour

Déi konservativ Partei hätt trotz allem nach ëmmer méi Sëtz am Parlament wéi d'Labourpartei, ënnersträicht den Denis Macshane.

A wann d'Labour Sëtz gewonnen huet, wier et erstaunlech ze gesinn, datt et och fir déi schottesch Nationalisten eng Wahlnéierlag gi wier.

Bei de Liberaldemokrate gëtt et, trotz Wahlvictoire, eng Néierlag fir de fréiere Parteichef Nick Clegg. Datt awer grad zu London d'Liberaldemokrate méi staark gi sinn, géif par konter weisen, datt d'Londoner net wéilte vun der EU getrennt ginn. D'Liberaldemokrate waren déi eenzeg, déi géint de Brexit plädéiert hunn.

Verloschter fir Nationalismus a Groussbritannien

Nieft der Wahlnéierlag vun deenen, déi fir een haarde Brexit waren, ewéi d'Tories an d'UKIP, gëtt et och a Schottland eng Defaite fir déi nationalistesch Partei vun der Regierungscheffin Nicola Sturgeon. D'SNP kënnt nach op 35 Sëtz vun 59 a verléiert 21 Mandater.

Domat wier de schotteschen Onofhängegkeetsreferendum op Äis geluecht, seet den Denis Macshane.

Eigentlech sollen d'Brexitverhandlungen den 19. Juni ufänken. Déi, déi haut an der Regierung sinn, an déi sech fir een haarde Brexit asetzen, hätte virum Referendum mat Ligen a mat der Angscht vun de Leit Campagne gefouert, kritiséiert den Denis Macshane. D'Wieler hätten elo déi Positioune komplett verworf. Hien ass der Meenung, datt een den Datum fir den Optakt vun de Brexitverhandlungen no hanne misst réckelen. Jidderee wéisst, datt een d'Wahlresultater an Däitschland misst ofwaarden.