Grenze mat Däitschland "Ich werde alles dafür tun"

Déi saarlännesch Landesregierung géif alles dofir maachen, datt d'Grenze mat Lëtzebuerg net nach eemol zougemaach ginn, seet d'Gesondheetsministerin aus dem Saarland. D'Zoumaache wier am Moment awer souwisou keen Theema zu Berlin, souguer wa Lëtzebuerg als Corona-Risikoland agestuuft ginn ass, esou d'Monika Bachmann.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Monika Bachmann
D'Monika Bachmann ass Gesondheetsministerin am Saarland

Wien aus esou engem Land an d'Saarland kënnt, muss 14 Deeg a Quarantän oder bannent dräi Deeg en negativen Test virweise kënnen. Fir Leit, déi vu Lëtzebuerg an d'Saarland areesen, ginn et awer Ausname-Reegelungen, déi keng Tester maache mussen:

  • Beruffspendler
  • Leit, déi manner wéi 72 Stonnen zu Lëtzebuerg waren
  • Leit, déi soss e gudden Areesgrond hunn

Et wieren och keng Test-Statiounen op der Grenz tëschent Lëtzebuerg an Däitschland geplangt, esou d'Monika Bachmann.

Datt d'Grenzen nach eemol zou kéinte goen, wier am Moment keen Theema. Dat wier souwisou eng Decisioun, déi zu Berlin geholl gëtt, seet d'Monika Bachmann. Si selwer wéilt awer alles dofir maachen, datt et net esou wäit géif kommen. D'Gesondheetsministerin aus dem Saarland hätt do och déi vollst Ënnerstëtzung vum Tobias Hans, dem Ministerpresident aus dem Saarland.

D'Saarland war staark betraff

D'Saarland ass vun der zweeter Corona-Well bis elo zimmlech verschount bliwwen, seet déi saarlännesch Gesondheetsministerin. Déi lescht Deeg wiere keen Dag méi wéi fënnef Neiinfektioune an deem méi klenge vun eisen zwee Nopesch-Bundeslänner gezielt ginn, esou d'Monika Bachmann.

Iwwer déi ganz Zäit vun der Covid-Kris gekuckt gehéiert d'Saarland awer zu deene Länner, déi am stäerkste betraff waren. Just Bayern, Baden-Würtemberg an Hamburg huet et méi schlëmm erwëscht. Dat hätt geographesch Grënn, erkläert déi saarlännesch Gesondheetsministerin:

"Wir waren ja unmittelbarer Nachbar vom Grand Est. Sie haben selbst in den Medien gesehen, wie der Grand Est betroffen war ganz am Anfang der Pandemie. Und insoweit auch von dort viele Pendler zu uns gekommen sind. [...] Die Gründe sind ja einfach wissenschaftlich noch nicht erwiesen, warum manche Gebiete so betroffen waren, oder sind, oder noch werden. Wir waren es. Wir haben alles gemacht, dass wir von dieser Welle auch wieder runterkommen, und das ist uns durch alle Verordnungen und auch das strenge Vorgehen des Ministerpräsidenten hat sich als recht ergiebig erwiesen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Rees-Aschränkungen
Corona-Pandemie

Wéinst der héijer Zuel un Neiinfektiounen gëlle verschidden Aschränkunge fir Lëtzebuerger, wann een an d'Ausland reese wëllt. Wéi eng Restriktioune ginn et momentan? Eng Iwwersiicht.

Heinrich Kreft
Corona-Pandemie

D'Regierung zu Berlin hätt sech net erwaart, datt d'Zoumaache vun de Grenzen esou vill negativ Reaktioune géif ervirruffen, seet den Heinrich Kreft. D'Decisioun hätt mat der Situatioun a Frankräich ze di gehat.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen