Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iechternach a seng Vergaangenheet

Fräie Mikro

Iechternach a seng Vergaangenheet

Zu Iechternach di se sech schwéier mat hiren historesche Monumenter. De Michel Pauly, Historiker a Member vun der neier Commission pour le Patrimoine culturel, ënnersträicht am Fräie Mikro d'Bedeitung vun den archeologeschen Entdeckungen aus dem leschte Joer an iergert sech iwwert dem Schäffen- a Gemengerot seng Kuerzsiichtegkeet.

auto_stories

4 min

Foto: Claude Biver

Et war eng richteg Sensatioun wou d'Archeologen zu Iechternach um Terrain hannert der Petite Marquise op e Gebai gestouss sinn, dat ouni all Zweiwel aus dem 10. Joerhonnert staamt. Et war aus Stee gebaut an hat déif Fundamenter, war op d'mannst ee Stack héich, hat eng grouss Kichen, e puer Heiziewen an eng massiv Dir. Dat Gebai konnt nëmme vun engem dichtegen Här gebaut gi sinn. Séier koum d'Hypothees op, e Vogt vun der Abtei, en Adelegen, deem seng Aufgab et war, d'Abtei a weltlechen Affären ze vertrieden, misst et gebaut hunn. An an der zweeter Hallschent vum 10. Joerhonnert war keen aneren de Vogt vun Iechternach wéi de Grof Sigfrid, dee jo méi bekannt ass als Erbauer vun der Lëtzebuerg, der klenger Buerg un der Uelzecht, ronderëm déi am Laf vun den nächste Joerhonnerten d'Stad Lëtzebuerg entstanen ass. Esou profan Gebaier aus dem fréie Mëttelalter, déi keng Kierchen oder Kléischter sinn, sinn europawäit extrem rar. Dat hunn och dräi däitsch Unisproffen, déi vum Centre national de recherche archéologique mat erugezu goufe, bestätegt. Si ware reegelrecht begeeschtert vum Bau, och well et extrem seelen ass, datt matzen an enger Stad esou eng grouss Fläch am Laf vun der Geschicht net ënnerkellert gouf, sou datt d'Archeologen all d'Schichte kënnen ënnersichen.

D'Entdeckung huet eng international an europäesch Bedeitung

An tatsächlech goufen och Pfostelächer vun engem Gebai aus Holz a Grouwe fonnt, grad ewéi Keramikschierbelen, déi aus dem 7.-8. Joerhonnert stamen, also aus der Zäit vum Willibrord.

Zerstéiert gouf d'Gebai bei engem grousse Feier, bei deem 1444 déi ganz Stad Iechternach verbrannt ass an dat wuel mat der Eroberung vum Land duerch den Herzog vu Burgund ze dinn hat.

Aus deene Grënn huet d'Commission des Sites et Monuments schonn zejoert e Klassement vum ganze Site als nationaalt Denkmal gefuerdert. Déi ganz archeologesch Entdeckunge sinn nämlech net nëmme vu lokaler Bedeitung, fir d'Urspréng vun Iechternach besser ze verstoen, mee si vun nationaler an doriwwer eraus vun europäescher Bedeitung, net nëmme well Iechternach am Mëttelalter eng international kulturell Ausstralung hat, mee well dat Gebai vum Sigfrid eenzegaarteg ass a Westeuropa.

Onverständlech, fir wat d'Kulturminsiterin keen neie Musée wëllt

Dem Iechternacher Schäffen- a Gemengerot hunn déi Entdeckungen iwwerhaapt net an de Krom gepasst. Hie wollt um Site vun der Petite Marquise e Geschäfts- a Wunnhaus bauen, mat enger Garage drënner, Pläng déi net méi ze realiséiere sinn. De Schäfferot sot och, hien hätt keng Sue fir dat archeologescht Areal a d'Rei ze setzen an z'ënnerhalen, scho guer net fir e Musée draus ze maachen. D'Fachleit an d'Kulturministesch hunn hiert ganzt Talent missen opbréngen, fir de Gemengerot z'iwwerzeegen, dem Klassement zouzestëmmen. Lo mussen déi Iechternacher iwwerleeën, wat se draus wëlle maachen. Si kéinte sécher e Musée driwwer bauen, an deen d'Ruine vum Sigfridbau integréiert ginn a wou och den Abteimusée, deen am Moment ganz verstoppt am Keller vum Lycée ass, wou bal keen Tourist e fënnt, hei eng prominent Plaz kéint fannen. Eréischt duerch de Klassement ass et dem Stat méiglech och finanziell ze hëllefen, well déi Entreprise ass sécher vun nationaler Wichtegkeet. Ech verstinn dofir net, firwat d'Kulturministesch näischt vun engem neie Musée wëllt wëssen.

Wat ass Iechternach ouni seng Vergaangenheet?

Mee knapps hat de Gemengerot sech dann derzou duerchgerongen, fir mam Klassement vum Site Petite Marquise d'accord ze sinn, koum déi nächst Noriicht, datt de Schäfferot vun Iechternach d'Geschicht vun der Stad och op anere Plaze net respektéiert. E wollt eng provisoresch Turnhal an den denkmalgeschützte Park hannert dem Lycée setzen. Fir déi ze bauen hätten och Deeler vun der historescher Ëmfaassungsmauer an eng Abteipuert missen ofgerappt ginn. Wärend d'Cosimo en negativen Avis ofginn huet, huet déi Kéier haaptsächlech de Lycéesdirekter sech queesch geluecht an de Site aus dem barocken Zäitalter vun der Abtei gerett.

Zu Iechternach schénge se méi op den Trifolion an de Séi, wou dat barockt Löschenhaus scho viru Joren dra versenkt gouf, oder hir Stad als Ausgangspunkt vu Wanderungen an de Mëllerdall ze setzen wéi op hire kulturelle Räichtum. Mee géif et Iechternach iwwerhaapt ginn ouni déi Vergaangenheet?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.