Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iechternacher Gemengerot: CSV-Conseiller Christophe Origer wiesselt bei déi gréng

CSV-LSAP Koalitioun verléiert Majoritéit

Iechternacher Gemengerot: CSV-Conseiller Christophe Origer wiesselt bei déi gréng

Am Iechternacher Gemengerot huet d'CSV-LSAP Koalitioun hier Majoritéit verluer. Dat, well den CSV-Conseiller Christophe Origer bei déi gréng wiesselt. Deemno wieren déi Gréng elo mat véier Sëtzer am Gemengerot déi stäerkste Partei.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


No 15 Joer huet de Christophe Origer ee Schlussstréch ënner seng Zäit bei der CSV gezunn. Hie seet, hie géif sech ganz gären engagéieren, a wéilt och gäre weidermaache mat de Saachen, wou hien engagéiert wier:

"Et ass ebe just, datt no all deene Joren, virun allem eben och perséinlechen Evolutiounen, ee muss sech an de Spigel eng Kéier kucken a soen "Ok, hei wëll ech lo ee Schlussstréch zéien, a bei der Partei matmaachen oder mech do engagéieren, wou ech mengen, datt d'Aart a Weis fir Politik ze maachen, éischter déi ass, wéi ech se och géif maachen."

Och d'Affär ronderëm déi feelend Baugeneemegung vun enger Energiezentral an der Gemeng am leschte Summer hätt den Iechternacher Gemengeconseiller dozou bruecht, déi politesch Säiten ze wiesselen, seet hien.

"Et ass ëmmer onglécklech"

Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler vun der CSV huet vum Origer sengem Partei-Wiessel haut de Moien um Donneschdeg an der Press gelies.

Hie weist sech enttäuscht, och en Vue vun de kommende Gemengewalen:

"Ech mengen, dat dass zimmlech egal, wéini dat geschitt, et ass ëmmer onglécklech. Wann een zesummen an d'Wale geet als Ekipp, an et ass een, deen d'Ekipp verléisst, da fannen ech den Zäitpunkt ëmmer schwiereg."

Déi nei Majoritéit wëll net blockéieren

D'Presidentin vun der Iechternacher Sektioun vun de gréngen, d'Carole Zeimetz, betount och, datt et keng Intentioune géife ginn, mat der neier Majoritéit Iechternach ze blockéieren. Mee dat wier just méiglech, wann déi véier Parteien aus dem Gemengerot matenee schaffen:

"D'Gemengegesetz erlaabt et eis net, lo wärend dem Waljoer de Gemengerot ze kippen. Dat geet just iwwer de Budget, a wann eise Budget net duerchgeet hei zu Iechternach, dat wier katastrophal, well da kann Iechternach net méi weider schaffen, da si mir blockéiert."

Hier Propose wier, datt de Schäfferot soll bleiwen, an de Budget soll zesumme mat deene gréngen ausgeschafft ginn; mat gréngen Akzenter. Fir d'Gemengewalen a knapp siwe Méint rechne sech déi gréng elo gutt Chancen aus, d'Rudder am Iechternacher Gemengerot ze iwwerhuelen.