Iwwerlaaschte Spideeler Île-de-France: Patiente ginn evakuéiert

An der Regioun Île-de-France sinn d'Spideeler iwwerlaascht. Vu leschtem Weekend un ginn dowéinst éischt Corona-Patienten a Patientinnen a Regiounen transferéiert, déi vun der Pandemie manner staark betraff sinn. Dëst Woch sollen eleng eng Honnerte vu Patienten aus der Paräisser Groussregioun evakuéiert ginn, esou de Gesondheetsminister Olivier Véran. Dat ass eng logistesch Erausfuerderung.

Léonardo Kahn / cz

Paris
Foto: Bigstock / Life on White

90.000 Doudeger huet de Coronavirus a Frankräich scho kascht. Mat knapp 30.000 Néi-Infektiounen am Daach, ass hei d'Enn vun der Pandemie nach net a Siicht.

D'Île-de-France ass eng vun deenen am schwéier betraffenste Regiounen. Vun 1200 Intensivbetter sinn hei knapp 90 Prozent scho beluecht.

Änlech wéi am Ufank vun der Pandemie sollen dowéinst Coronavirus-Patienten a Spideeler transferéiert ginn, déi net iwwerlaascht sinn.

De Weekend goufe sechs Leit per Helikopter a Fliger an de Süd-Weste vum Land bruecht. Zwee gréisser Evakuatioune sinn no Informatioune vum Staat fir den Donneschden an de Sonnde geplangt. Hei soll mat engem speziellen TGV iwwert 100 Patienten evakuéiert ginn. Fir de Moment nëmmen an d'Regioun Nouvelle-Aquitaine, mee vu nächster Woch un och an d'Nopeschregioune Pays de la Loire an d'Occitanie.

Zur Zäit ginn nëmme Patienten transferéiert, déi op laang Behandlungen ugewise sinn. Hir Situatioun dierf wéinst der Rees awer net ze kritesch sinn. Ausserdeem muss d'Famill mam Transfert averstane sinn.

Méi zum Thema

Menstruatiounsproduiten Kommentar
Frankräich

Déi franséisch Regierung huet eng nei Moossnam fir Studentinnen annoncéiert: vun der nächster Rentrée u sollen op den Unie gratis Hygiènesproduite verdeelt ginn. E wichtege Schrëtt a Richtung Gläichberechtegung.

Lydie Polfer
Mobilitéit

D'Lydie Polfer wiert sech géint d'Virwërf, d'Stad géif net konsequent genuch op Foussgängerzonen a Vëlosweeër setzen. D'Méiglechkeete fir Stroosse fir Autoen zouzemaache wier limitéiert.

 

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen