Radioen

On air

Espresso Beats  |  Pharrell - Caged Bird Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impakt op d'Lëtzebuerger Wirtschaft ass "substantiell"

Coronavirus

Impakt op d'Lëtzebuerger Wirtschaft ass "substantiell"

Duerch den neie Coronavirus wäert de Wirtschaftswuesstem hei am Land dëst Joer däitlech zeréckgoen, seet de Luc Frieden. De President vun der Chambre de Commerce rechent mat engem Réckgang vun op d'mannst engem Prozent vum PIB. Dorop géifen déi lescht Entwécklungen an eisen Nopeschlänner hindeiten.

auto_stories

2 min

De Luc Frieden ass President vun der Chambre de Commerce

De Luc Frieden rechent awer net domat, datt de Virus eise Wirtschaftssystem op laang Siicht wäert änneren. Lëtzebuerg wier eng oppen Ekonomie, esouwuel an der Industrie, wéi an de Servicer, wéi an der Hotellerie, déi fräien internationalen Handel bedreift. "An déi wäert och no dem Coronavirus eng international Ekonomie bleiwen, an där fräien a fairen internationalen Handel wichteg ass."

An der Hotellerie gëtt et elo schonn en Abroch vun iwwer 40 Prozent. Dat géif awer net onbedéngt heeschen, datt eng Wirtschaftskris op eis duerkënnt, déi genee esou schlëmm ass wéi déi vun 2008, seet de Luc Frieden. Hie betount, d'Banken hätten d'Kris dës Kéier net selwer ausgeléist, mee d'Banke kéinten en Deel vun der Léisung sinn, och wa se betraff wieren.

"Wann d'Aktiecoursë vu verschiddene Banken ëm bal 20 Prozent gefall sinn, dann ass dat enorm. Mee ech mengen, datt dat och eng irrational Iwwerreaktioun ass."

"D'Banke sinn net a Gefor"

De Luc Frieden ass der Meenung, datt déi europäesch an déi amerikanesch Zentralbank Moossname wäerten ergräifen, fir de System "stabel ze halen", dat wier aus der Wirtschaftskris vun 2008 geléiert ginn. "Mir hu Moyenen, fir an esou enger Kris ze intervenéieren."

Dës Kéier hätt d'Kris net am Bankesecteur ugefaangen a se wier dofir keng systemrelevant Kris, mengt de President vun der Chambre de Commerce.

D'Banke sinn dem Luc Frieden no net a Gefor, mee hie mécht sech méi Suergen ëm déi Entreprisen, déi keng Cliente méi hunn. Als Beispiller nennt hien d'Rees- an Tourismusbranche, mee och Beräicher, déi op internationalen Handel ugewise sinn.

"Wann d'Leit net méi kënne schafe goen, da gëtt och manner produzéiert, an da ginn et forcement Problemer mat der Liwwerung vu verschiddene Produkter, an dat ass natierlech ganz schlecht fir d'Gesamtekonomie."

Dofir wier et wichteg, datt een d'Recommandatioune vun de Gesondheetsautoritéite géif respektéieren, seet de Luc Frieden. D'Chambre de Commerce ass och schonn amgaang mat der Regierung doriwwer ze verhandelen, wéi betraffe Betriber kënne vum Staat ënnerstëtzt ginn.